D'Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Migratiounspolitik: Muss Lëtzebuerg méi a méi séier ausweisen?, 24/10/2024
E Paradigmewiessel an der Migratiounspolitik fuerderen 18 EU-Staaten, och Lëtzebuerg.
10/24/2024 • 0
Monarchie - déi bescht Staatsform fir Lëtzebuerg?, 17/10/2024
Zwar gëtt et aktuell keng Debatt iwwer d'Staatsform vum Grand-Duché, mam Trounwiessel stellt sech d'Fro awer, grad ewéi déi vun enger Moderniséierung.
10/17/2024 • 58 minutes, 33 seconds
Wat huet d'Kierch eis haut nach ze soen?, 26/09/2024
Mir liewen an engem post-chrëschtleche Land. 39 Joer huet Lëtzebuerg gewaart, ier de Chef vun der kathoulescher Kierch nees am Grand-Duché war.
9/26/2024 • 1 hour, 3 minutes, 1 second
Vun LGBT bis Politik: Wat soll d'Schoul thematiséieren?, 12/09/2024
Am Kloertext gëtt diskutéiert, ob d’Schoul soll virop Wësse vermëttelen, wat alles derzou gehéiert an ob et nach Theme ginn, déi een ausklammere kann.
9/12/2024 • 58 minutes, 16 seconds
Neiwalen a Frankräich: Fräiheet a Gläichheet just nach fir Fransousen?, 04/07/2024
"Ech oder Chaos" dat war dem Emmanuel Macron säi Motto, de President huet sech als deen Eenzegen inzenéiert, deen d'Extremer kéint ofschafen.
7/4/2024 • 1 hour, 37 seconds
Spezial "Ried zur Lag vun der Natioun", 11/06/2024
Virun den Debatten um Krautmaart hunn en Dënschdeg den Owend scho Vertrieder vun de 7 Parteie am "Kloertext" geschwat.
6/11/2024 • 1 hour, 4 minutes, 55 seconds
Wéi gesäit d'EU an 10 Joer aus an a wéi eng Richtung entwéckelt si sech?, 06/06/2024
Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.
6/6/2024 • 1 hour, 5 minutes, 31 seconds
Deet d'EU hir Bierger nach dreemen? Jonk Kandidate äntwerten., 16/05/2024
5/16/2024 • 59 minutes, 27 seconds
Wat sinn déi ënnerschiddlech Visioune vun LSAP an CSV fir Europa?, 02/05/2024
Dorëm geet et am Face-à-face tëscht Marc Angel a Christophe Hansen am Hibléck op d’ Europawalen den 9. Juni.
5/2/2024 • 0
Immunsystem, Kriibs an Daarmflora, 18/04/2024
Jiddwerengem säi Kriibs geziilt zerstéieren, ouni Schued u gesonden Zellen. A sécher goen, dass näischt nowiisst. Dat ass d'Zil vun der Kriibsfuerschung.
4/18/2024 • 1 hour, 2 minutes, 55 seconds
Ouni Atomkraaft keng Energiewend?, 04/04/2024
Brauch et Atomstroum als Bréckentechnologie fir d'Energiewend a fir CO2-neutral ze ginn? Zu Lëtzebuerg ass d'Diskussioun iwwer Atomenergie nees lancéiert.
4/4/2024 • 1 hour, 1 minute, 14 seconds
D'Liwwerkettegesetz - en Duerchbroch fir d'Mënscherechter?, 21/03/2024
Wien ass géint d'Verhënnerung vu Kanneraarbecht an de Schutz vun der Ëmwelt? Am Prinzip keen, ma bis zum EU-Liwwerkettegesetz war et en zéit Verhandelen.
3/21/2024 • 55 minutes, 47 seconds
Ginn et méi krank Kanner oder gi se krank gemaach?, 07/03/2024
Ëm déi Fro huet sech d'Diskussioun am Kloertext gedréint, wou vill iwwert den Drock rieds goung, ënnert deem d'Kanner haut stinn.
3/7/2024 • 1 hour, 1 minute, 20 seconds
Ukrain: 2 Joer Krich a keen Enn an Aussicht?, 22/02/2024
Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.
2/22/2024 • 0
Kënschtlech Intelligenz: grouss Chance oder enorm Risiken?, 25/01/2024
Mat an der Ronn souzen och Leit, fir déi d'KI aus hirem Betrib net méi ewechzedenken ass.
1/25/2024 • 1 hour, 2 minutes, 4 seconds
Heeschen: Belästegung oder Mënscherecht?, 11/01/2024
Wéi kann een aggressiivt an “normaalt” Heeschen ënnerscheeden? Gëtt et méi Aarmut oder zitt Lëtzebuerg Heescherten un?
1/11/2024 • 1 hour, 8 minutes, 16 seconds
(Welt)-Klima retten ouni ze nerven, wéi geet dat?, 07/12/2023
Op wéi engem Planéit mir an Zukunft liewen an iwwert Zukunft vun de fossille Energien diskutéieren eng 197 Staaten op der COP28, ausgerechent an der Wüüst.
12/7/2023 • 1 hour, 43 seconds
Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?, 23/11/2023
Et goung ëm d'Regierungserklärung vum Premier Luc Frieden an ëm déi nei schwaarz-blo Ekipp. Eng Ekipp, mat där d'Oppositioun net immens zefridden ass.
11/23/2023 • 1 hour, 20 minutes, 56 seconds
Rout-Gréng an der Oppositioun: Firwat a wéi?, 09/11/2023
Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.
11/9/2023 • 1 hour, 2 minutes, 14 seconds
Brauche mir eng méi strikt Flüchtlingspolitik?, 26/10/2023
Sinn Europa a Lëtzebuerg mat enger neier Well u Flüchtlinge konfrontéiert? Ass et e logisteschen oder méi e politesche Problem?
10/26/2023 • 58 minutes, 1 second
Méi a méi séier bauen: Wéi, wien a wou?, 05/10/2023
Mir sinn zu 70% eng Natioun vu Proprietären, nach, mee ass dat och an Zukunft méiglech an néideg?
10/5/2023 • 1 hour, 4 minutes, 46 seconds
Wéi gerecht ass eise Steiersystem?, 28/09/2023
Am Kloertext geet et dëst Kéier ëm d'Steieren an d'Kafkraaft am Grand-Duché.
9/28/2023 • 1 hour, 8 minutes, 2 seconds
Eng Schoul fir all Kand oder Offer op Mooss?, 21/09/2023
Am Kloertext goung et dës Kéier ëm d'Visiounen, déi déi verschidde Parteien fir d'Schoul hunn.
9/21/2023 • 1 hour, 6 minutes, 55 seconds
Wéi ee Gesondheetssystem brauch d'Land?, 14/09/2023
Jidderee sollt Zougank zum bescht méigleche Traitement hunn. Gëtt eise Gesondheetssystem deem gerecht oder besteet schonn eng Zwou-Klasse-Medezin?
9/14/2023 • 1 hour, 9 minutes, 43 seconds
Landesplanung: Wéi soll Lëtzebuerg sech entwéckelen?, 07/09/2023 21:07
Mir wiele Politiker, déi déi nächst 5 Joer d'Geschécker vum Land leeden, mee déi mussen d'Wäiche stellen, wéi d'Land sech an Zukunft entwéckelt
9/7/2023 • 0
Walen am Oktober: méi wéi jee en oppent Resultat?, 06/07/2023 20:55
Et gi spannend Walen am Hierscht! Onse Politmonitor confirméiert, dass sech déi dräi grouss Parteien ëmmer méi e Kapp u Kapp Renne liwweren.
7/6/2023 • 0
Eis Bezéiung zum Iessen: entspaant oder verkrampft?, 15/06/2023 20:55
Net just Obesitéit, mä och Iessstéierungen huele massiv zou... Firwat ass en entspaant Verhältnes zum Iessen an dem Kierper esou schwéier?
6/15/2023 • 0
Stad L ëtzebuerg: Déi bescht Gemeng fir ze liewen?, 08/06/2023 21:25
Am Kloertext geet et ëm d'Gemengewalen an eng grouss Stater Ronn.
6/8/2023 • 0
Parallel Multikulti-Welten? Liewe mir mateneen oder niefteneen?, 25/05/2023 21:00
Nach ni war et sou liicht, wielen ze goen, mä grad emol 20 Prozent Net-Lëtzebuerger maache mat.
Manktem un Informatioun, keen Intressi, net integréiert - well et och gutt ouni geet? Wéi vill liewen Mënschen aus den 170 Natiounen hei am Land iwwerhaapt zesummen, mateneen oder méi niefteneen? Jiddereen a senger Blos ouni matzekréien, wat de anere mécht an ausmécht? Wei gesinn déi Nei-Lëtzebuerger déi al agesiessen a wéi verännere Si onst Land?
5/25/2023 • 0
Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen?, 04/05/2023 21:01
Wat ass de Stellewäert vun der Aarbecht? Wéi vill schaffe mir wierklech? Wéi kennen d’Betriber attraktiv a kompetitiv bleiwen?
5/4/2023 • 0
KI an der Medezin: Chancen a Geforen, 20/04/2023 21:00
De Kampf géint de Kriibs gëtt dank Fuerschung mat ëmmer neien an ëmmer méi sophistiquéierte Methode gefouert.
4/20/2023 • 0
Wat ass de Sënn vum Liewen, wou fanne mir en?, 06/04/2023 21:00
Domadder verbonne war och eng Diskussioun iwwert d'Kathoulesch Kierch an d'Bedeitung, déi si fir d'Leit zu Lëtzebuerg huet.
4/6/2023 • 0
Fraen: just theoretesch gläichberechtegt?, 09/03/2023 21:00
Männer verdénge méi wéi d’Fraen, a Beruff a Famill ënnert een Hutt kréien ass schwiereg an zu Laaschte vu Fraen ouni gëeegent Kannerbetreiung.
3/9/2023 • 0
Logements- & Immobiliëkris: riicht an d'Mauer?, 23/02/2023 21:00
Wunnen zu Lëtzebuerg gëtt trotz Reformen, Pakten an Annoncen ëmmer méi e Luxus
2/23/2023 • 0
1 Joer Krich: Keen Enn a Siicht - och kee Plang?, 02/02/2023 21:00
Wéi grouss ass de Risk vun enger Eskalatioun? Ënnert anerem ëm déi Fro goung am Kloertext
2/2/2023 • 0
Ons Sprooch - Gefleegt a gefërdert oder a Gefor?, 19/01/2023 21:05
Firwat sinn d'Diskussiounen iwwert Sprooch sou emotional an och politesch zu Lëtzebuerg?
1/19/2023 • 0
Jugendschutzreform am Intressi vum Jonken ?, 08/12/2022 21:00
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
12/8/2022 • 0
D'Bierger hu vill Suergen, hunn d'Politiker d'Äntwerten?, 24/11/2022 21:15
Och zu Lëtzebuerg spiert een d'Auswierkunge vun de Multi-Krisen, trotz Aiden. Den Zesummenhalt an der Gesellschaft ass onsem neiste Sondage no kleng.
11/24/2022 • 0
Fussball oder Business : Geld viru Moral?, 10/11/2022 21:00
Ronn 150 Milliarden huet de Katar investéiert. Kann een dës WM nach gudde Gewëssens kucken, a Schued se net dem Fussball?
11/10/2022 • 0
Mental Gesondheet: Wierklech eng Prioritéit?, 27/10/2022 21:00
Am Kloertext froe mir Therapeuten a Patienten wéi si déi aktuell Situatioun am Beräich vun der mentaler Gesondheet gesinn a wat si fuerderen.
10/27/2022 • 0
Verantwortung geholl fir d'Lag vum Land?, 13/10/2022 21:12
Am Kloertext hu mir all d'Parteien aus der Chamber gefrot, ob d'Regierung hir Verantwortung iwwerhëlt, wat hinne gefeelt huet a wat hir eege Propose sinn.
10/13/2022 • 0
Tripartite: Soziale Fridden elo a Klimaschutz méi spéit?, 29/09/2022 21:00
Am Summer hunn d'Bëscher gebrannt an den Hierscht war bal hëtzeg ginn duerch explodéierenden Energiepräisser.
9/29/2022 • 0
Energiekris: Zesumme spueren. Wéi, a geet dat duer?, 15/09/2022 21:05
Wéi héich klammen d’Präisser vu Gas a Stroum nach, wat bedeit et fir Stéit a Betriber, wou a wéi muss de Staat asprangen, wéi gerecht verdeelen?
9/15/2022 • 0
Ass eise Steiersystem gerecht, wat muss änneren?, 07/07/2022 21:10
Déi grouss Steierreform fält aus, just punktuell Mesurë ginn erwaart, wat bréngt d'Debatt an der Chamber just virun der Summerpaus dann nach?
7/7/2022 • 0
Optimal medezinesch Versuergung, just wéi?, 16/06/2022 21:10
Wat muss am Spidol, wat ka bausst de Klinicke gemaach ginn am Intressi vum Patient an ouni, dass Medezin zu engem Geschäft gëtt?
6/16/2022 • 0
Politik op der Héicht vun den Defien?, 02/06/2022 21:15
Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken?
6/2/2022 • 0
Wéi eng Aarbecht fir d’Zukunft a wie bestëmmt se?, 19/05/2022 21:00
Krise sinn e Booster fir Verännerungen. D’Pandemie war et fir ons Aart a Weis ze schaffen. Elo soll den Teletravail och eng Léisung fir d Energiekris sinn
5/19/2022 • 0
20 Joer Télévie: D’Hoffnung huet eng Chance!, 05/05/2022 21:15
Kriibs ass keen Doudesurteel, mee eng Kränkt, mat där mir all direkt oder indirekt an der Famill konfrontéiert gi wäerten.
5/5/2022 • 0
Le Pen - Macron: Schicksalswal och fir eis?, 21/04/2022 21:15
Eis Nopere wielen e Sonndeg hiren neie President oder Presidentin, ma déi 48 Millioune Walberechtegt decidéieren net just iwwert d'Politik a Frankräich.
4/21/2022 • 0
Klima a Krichszäiten: keng Urgence méi oder grad elo?, 24/03/2022 21:00
Si mat de Bommen och eis Illusioune gefall oder ass de Krich eng Chance fir d'Transformatioun a puncto Klimapolitik?
3/24/2022 • 0
Krich an Europa, Milliounen op der Flucht: Wat maachen?, 10/03/2022 21:30
En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a d'Fro zu de Flüchtlingen a wéi hinne ka gehollef ginn.
3/10/2022 • 0
Krich an der Ukrain: Wéi wäit geet de Putin?, 24/02/2022 21:15
En Donneschdeg goung et am "Kloertext" ëm déi russesch Invasioun an d'Ukrain a wat de Westen nach maache kann, fir d'Situatioun z'entschäerfen.
2/24/2022 • 0
Aus der Geschicht Léieren zéien, 10/02/2022 21:00
D'Erënnerungskultur ronderëm den Zweete Weltkrich an de wichtege Rôle vun Historiker an deem Kontext.
2/10/2022 • 0
Autosfestival an Elektromobilitéit, 27/01/2022 21:00
Et ass Autosfestival, mä wat kafen? D'Veronsécherung bei de Leit ass grouss.
Den Dramwon a bis ee Joer drop waarden? Eng Occasioun? Wéi ass et ewell mam Wäertverloscht? Op al oder nei Technologie setzen? Weiderhin ee Verbrenner, mam Risk vun ëmmer méi Verbueter? Oder Elektro mat staatleche Primmen, awer Doutten zu Luedméiglechkeeten a Kapazitéit? A wéi soll dat iwwerhaapt goen, de Gesamt-Fuerpark zur Hallschent z'elektrifizéiere bis 2030? Wéi séier geet d'Innovatioun um Marché a wouhin? Ass d'Transitioun op Elektrogefierer alternativlos? Sinn d'Ziler vun der Regierung realistesch a wat bréngt den technologesche Fortschrëtt? Vill Froe, déi mir probéieren an dëser Emissioun ze beäntweren.
1/27/2022 • 0
Impfflicht - Pro a Kontra, 13/01/2022 21:30
Féiert ons eng Impfflicht aus der Pandemie? Bréngt se Rou an d’Gesellschaft oder de Géigendeel?
En Experterot soll d'Virlag liwwere fir d'Debatt am Parlament, mä ass et eng medezinesch oder eng politesch Decisioun? Ass et dat gëeegent Mëttel fir raus aus dem éiwegen Hin an Hier u Mesuren, fir esou vill wéi méiglech Liewen ze retten an eis nees Normalitéit ze bréngen oder verhäerten d'Fronten dann nach méi?
1/13/2022 • 0
Covid-Demonstratiounen, 16/12/2021 21:10
"Fräiheet" a "Mir sinn d'Vollek" ruffen d'Manifestante géint Covidmesuren an Impfen.
Dir jäizt zwar haart, sidd awer eng Minoritéit. Mir, d'Majoritéit, äntwere Bierger, déi hirersäits soen, et geet duer an Doktere ruffen zu minutes de silence op, d'Spideeler fëlle sech nees, Fronte verhäerte sech bis a Familljen eran.
12/16/2021 • 0
Sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenzen, 02/12/2021 21:05
Zwou Fraen, déi mëssbraucht goufen zielen, wat et mat hinne gemaach huet, hire Kampf, fir an d’Liewen zréckzekommen.
12/2/2021 • 0
Ferm Datz am Politmonitor, 19/11/2021 08:13
D'Resultater vum neiste Politmonitor vun TNS Ilres, deen RTL zesumme mam Lëtzebuerger Wort an Optrag ginn hat.
11/19/2021 • 0
Ass d'Politik nach glafwierdeg?, 08/11/2021 09:21
En Donneschdeg den Owend goung et ënner anerem ëm d'Fro, wat et haut brauch, fir glafwierdeg ze sinn als Politiker. Wie soll dat jugéieren a wéi?
Skandal oder Stuerm am Waasserglas? Bei der Plagiatsaffär ronderëm d'Ofschlossaarbecht vun eisem Premier Xavier Bettel ginn d'Meenungen auserneen. Wéi glafwierdeg sinn eis Politiker a wat bedeit d'Affär fir e Premier, dee vill Wäert op säin Image leet?
11/8/2021 • 0
Impfen: fräiwëlleg gezwongen?, 21/10/2021 21:30
D'Caroline Mart, d'Paulette Lenert, d'Nora Back an den Dr Gérard Schockmel schwätzen iwwer de CovidCheck
D'Pandemie ass net eriwwer, impfen déi eenzeg Léisung an et brauch en Impftaux vun iwwer 80 - seet d'Regierung an erhéicht den Drock via CovidCheck-Gesetz.
Impfflicht duerch d'hënnescht Dier? D'politesch Reaktioune sinn hefteg, ëm déi 4.000 Leit waren op d’Strooss, d'Fronte si verhäert. Spléckt dat eis Gesellschaft a wéi kann een iwwerhaapt nach richteg kommunizéieren an objektiv informéieren?
10/21/2021 • 0
Spezial Etat de la Nation, 15/10/2021 09:13
Deputéiert hunn iwwer d'Ried zur Lag vun der Natioun geschwat
Wat halen d'Vertrieder vun de 7 Parteien an der Chamber vun de Léisungsusätz, déi de Xavier Bettel dës Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun presentéiert huet? Huet de Premier mat senger Ried iwwerzeegt? Wat huet gefeelt?
An der Emissioun geet et ënnert anerem ëm den neiste Rapport vum Weltklimarot, Wiederextremer a Klimaziler.
9/23/2021 • 0
20 Joer Afghanistan-Asaz an EU-Sécherheetspolitik, 09/09/2021 21:05
An der Emissioun goung et ëm d'EU-Sécherheetspolitik an d'Lag no 2 Joerzéngten Afghanistan-Asaz.
9/9/2021 • 0
Op Eegeverantwortung amplaz op Restriktioune setzen?, 08/07/2021 21:10
An der Emissioun "Kloertext" geet et ëm den aktuelle Corona-Management, de CovidCheck an d'Impfungen.
7/8/2021 • 0
Halbzeit-Bilan, 17/06/2021 21:00
Huet d'Regierung bis elo nëmme gutt geschaff?
6/17/2021 • 0
Méi CyberMobbing a Gewalt bei Jonken?, 03/06/2021 21:00
An der Emissioun geet et ëm d'Gewalt ënnert de Jonken, d'Roll vun de soziale Medien an d'Auswierkunge vun der Pandemie.
Invitéen: Roger Roth (Direkter vum Lycée Nic Biever Diddeleng), Nancy Holtgen (Educatrice graduée , Antigewalt-Trainerin
Assistante en Famille, Life Coach), Sérgio Gonçalves (Trainer Judoclub Bouneweg, Educateur gradué am LTB)
6/3/2021 • 0
Brauch et den “Noutstand” am Logement?, 20/05/2021 21:15
D'Logementsproblematik zu Lëtzebuerg.
5/20/2021 • 0
Wouerecht(en) an Zäite vu Corona, 06/05/2021 21:00
An der Emissioun Kloertext goung et dësen Donneschdeg ëm Verschwierungstheorien.
5/6/2021 • 0
Am Kader vum Kloertext "CSV-Team Wiseler", 22/04/2021 21:20
Den integralen Interview mam fréiere Premierminister Jean-Claude Juncker
4/22/2021 • 0
"CSV-Team Wiseler" amplaz Engel an alles paletti?, 22/04/2021 21:15
"Se wollte menger lass ginn” sot de Frank Engel a geet och, trëtt aus der Partei aus. Um CSV-Kongress trëtt elo de Claude Wiseler mat enger neier Ekipp un.
csv, frank_engel, claude_wiseler, christophe_hansen, elisabeth_margue, pierre_lorang
4/22/2021 • 0
Kriibs: Traitementer, Fuerschung a Covid-19, 19/04/2021 15:54
D'Angscht virum Virus dominéiert eisen Alldag, déi heefegst Doudesursaach bei de Männer an zweetheefegst bei de Frae bleift awer de Kriibs.
4/19/2021 • 0
Impfe jo, mä net mat egal wat, net egal wéi!, 25/03/2021 21:00
An der Emissioun "De Kloertext" geet et ëm déi national Impfstrategie.
3/25/2021 • 0
Mir si Meeschter am Testen - Wéini am Impfen?, 11/03/2021 21:30
An der Emissioun "Kloertext" geet et en Donneschdeg ëm d'Testen an d'Impfen an der Coronapandemie.
3/11/2021 • 0
Polemik ëm de Projet de loi, datt d'Kanner hir Originne soll, 25/02/2021 21:00
An der Emissioun hunn d'Justizministesch Sam Tanson an den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser zum Deel ganz hëtzeg diskutéiert.
2/25/2021 • 0
Bleift doheem oder fort op Dubai?, 04/02/2021 22:00
D'Reesen a Covid-Zäiten an e Bléck op d'Zukunft vum Rees-Secteur.
2/4/2021 • 0
Muecht vun de soziale Medien: eng Gefor fir d'Demokratie?, 21/01/2021 21:00
Am Mëttelpunkt vun der Emissioun "Kloertext" stinn en Donneschdeg d'USA, d'sozial Medien an d'Meenungsfräiheet.
1/21/2021 • 0
Impfen an alles gutt?, 17/12/2020 21:00
Am Mëttelpunkt vun der Emissioun "Kloertext" steet en Donneschdeg de Corona-Vaccin, d'Mesuren, de Lockdown, wéi och d'Schwaachstelle vum Gesondheetssystem.
12/17/2020 • 0
Sinn et déi richteg Mesuren zum richtege Moment?, 03/12/2020 21:00
An der Emissioun Kloertext geet et en Donneschdeg den Owend ëm d'Corona-Kris.
12/3/2020 • 0
Heemlech Privatiséierung vum Schoulwiesen?, 19/11/2020 21:00
An der Emissioun Kloertext geet et en Donneschdeg den Owend ëm d'Privatiséierung vun der Schouldirektioun.
11/19/2020 • 0
Impakt vun der Pandemie op d'mental Gesondheet, 05/11/2020 20:00
An der Emissioun Kloertext huet sech en Donneschdeg den Owend alles ëm d'mental Gesondheet. Och déi aktuell Aarbechtskonditioune goufe ënner d'Lupp geholl.
11/5/2020 • 0
Wunnen: E Mënscherecht oder Luxus?, 22/10/2020 20:00
An der Emissioun gouf iwwert d'Wunnsituatioun am Grand-Duché diskutéiert.
10/22/2020 • 0
Blo-Rout-Gréng gëtt sech eens, Oppositioun gesäit et anescht, 14/10/2020 20:00
Am Kloertext goung et e Mëttwoch den Owend ëm d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel. Et hu Vertrieder vun de 7 Parteien diskutéiert.
10/14/2020 • 0
De Bilan vun 20 Joer Grand-Duc Henri, 08/10/2020 20:00
De 7. Oktober 2000 koum zum Trounwiessel hei am Land. De Bilan vun deenen 20 Joer Grand-Duc Henri gëtt am Kloertext gezunn.
10/8/2020 • 0
Wat fir Betriber wëlle mir nach?, 24/09/2020 20:00
Den Out fir de griichesche Jughurt huet d'Diskussioun iwwert eis Industriepolitik relancéiert.
9/24/2020 • 0
Steier-(On)-Gerechtegkeet, 10/09/2020 20:00
Et goung ganz prinzipiell ëm d’Diskussioun, ob an a wéi engem Mooss eise System ongerecht ass?
9/10/2020 • 0
Pandemie: Réck- an Ausbléck, 08/07/2020 20:00
En Donneschdeg sinn d’Debatten an der Chamber iwwert d’Covid-Rieden, mä am Kloertext kruten d’Parteien d’Wuert elo schonn.
7/8/2020 • 0
"Black lives matter" - och zu Lëtzebuerg?, 25/06/2020 20:00
"Black lives matter" ass de Motto vun der Beweegung, déi schonn 2013 an den USA nom Doud vum Trayvon Martin duerch Policegewalt entstanen ass.
6/25/2020 • 0
Fräiheetsbegrenzung a Corona-Zäiten, 04/06/2020 20:00
Fräiheet, dat mat héchste Gutt an enger Demokratie, dat mir als Bierger hunn, ware mir bereet opzeginn an der Lutte géint de Coronavirus.
6/4/2020 • 0
Schoul a Corona-Zäiten, 21/05/2020 20:00
Zréck an d'Schoul a Corona-Zäiten: Nom Homeschooling de Splitting an A- a B-Wochen an eng nei Normalitéit mat Distanz, Buff a Plexiglas.
5/21/2020 • 0
Wat wëssen d'Fuerscher iwwert de Virus?, 07/05/2020 20:00
Eng zentral Fro ass: Wéi wäit verbreet ass de Virus an der Populatioun? Dofir ass eng representativ Etüd gemaach ginn.
5/7/2020 • 0
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kris a wéi geet et weider?, 24/04/2020 20:00
37 Deeg effektive Lockdown bleiwen net ouni Konsequenzen op d’Bierger an d'Betriber.
4/24/2020 • 0
Psychologesch Auswierkunge vun der Kris, 02/04/2020 20:00
D'Corona-Kris trëfft eis alleguerten. Nieft dem negativen Effekt vun der Krankheet op d'Kris, kann d'Pandemie awer och psychologesch Auswierkungen hunn.
4/2/2020 • 0
Äntwerte vu Spezialisten op är Gesondheetsfroen, 19/03/2020 20:00
Mir hunn är Froen iwwert de Coronavirus un d'Spezialisten aus dem Gesondheetssecteur weiderginn.
3/19/2020 • 0
Wéi kann een all eenzele Patient beschtméiglech behandelen?, 27/02/2020 20:00
De Coronavirus ass sécher déi aktuellsten Urgence fir d'Santé, mä et feelt net un aneren Erausfuerderungen!
2/27/2020 • 0
Quo Vadis Monarchie, 06/02/2020 20:00
Den Haff gëtt reforméiert, e soll méi transparent ginn. Ëffentleches a Privates gëtt getrennt an d'Grande-Duchesse ass am Organigramm net méi virgesinn.
2/6/2020 • 0
Wie kontrolléiert meng Daten?, 30/01/2020 20:00
Wéi mir liewen, schaffen a kommunizéieren ass an engem fundamentale Wandel duerch d'Digitaliséierung an d'kënschtlech Intelligenz.
1/30/2020 • 0
Jean-Claude Juncker war, ass a bleift en "animal politoque", 16/01/2020 20:00
Keen huet d’Lëtzebuerger, awer och déi europäesch Politik vun de leschte Joerzéngten esou nohalteg gepräägt wéi de Jean-Claude Juncker.