Winamp Logo
Méi wéi Sex Cover
Méi wéi Sex Profile

Méi wéi Sex

Luxembourgish, Personal health, 145 seasons, 150 episodes, 4 days, 1 hour, 57 minutes
About
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Episode Artwork

#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen

Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz … Continue reading "#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen"
3/11/202238 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien

An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt “Fraenzäitschrëft” am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer … Continue reading "#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien"
5/21/202146 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée

Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der … Continue reading "#78 Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée"
2/26/202148 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)

„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de … Continue reading "#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)"
11/20/202037 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll

Op elo en gerassene Kondom, eng Analfissur oder en Ausschlag am Intimberäich. All dëst si Saachen, déi een definitiv net mat aplangt, mä déi awer mol geschéien kënnen, wann een sech eleng oder mateneen ameséiert. Net ze panikéieren a sech selwer hëllefen ze kënnen, ass wichteg. Awer et ass genee sou legitim, och Professioneller em … Continue reading "#68 Sexident um Turbo-Rond-Point Klitoris – Éischt-Hëllef-Folleg fir sexuell Noutfäll"
10/9/202037 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

#009 Vulva, Titten, Penis, Fotz

Firwat soe mir am Podcast eigentlech Penis an net Schwanz? A wat mengen d'Leit genee domat, wa se Muschi soen? Vagina ? Kitzler? Dat Ganzt? Wann et ëm Begrëffer geet, gëtt et séier komplizéiert – d’Kelly an d’Tessie hu probéiert e bëssen Uerdnung an de Chaos ze bréngen. Am Uschloss geet et ënnert anerem ëm Asexualitéit an Aromantik.
11/16/201826 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

Eng gutt Fro: Wat sinn Intimpiercinge

Intimpiercinge, oder Genitalpiercinge, sinn Piercingen am Beräich vun der Vulva, dem Penis, der Klitoris, den Hoden oder der Broscht. Wou lo verschiddener sech Auu denken, an anerer, mh, sexyy, sou huet dee Kierperschmuck vill Bedeitungen.   Wat et mat deene Piercingen op sech huet, vir wat se ënner d’Haut ginn, a wou rop een oppasse soll, dorëm geet et an dëser Rubrik.  
9/25/20185 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

Eng gutt Fro: Wéi beaflosst eis eng sex-negativ Welt?

Vu klengem u kréie mir (implizit an explizit) bäibruecht, dat Sex geféierlech wier an een sech fir Sexualitéit (an dofir e Kierper ze hunn) schumme misst. An da solle mer (laut Medien, Filmer asw.) als erwuesse Persoun bemol super emanzipéiert sinn an e meeeega Sexliewe mat multipelen Orgasmen hunn. Dëse kulturelle Kontext ass widderspréchlech a verwirrend. An dëser Rubrik gëss du gewuer wei “the Moral Message”, “the Medical Message” an “the Media Message” (sou nennt d’Emily Nagoski d’Botschafte vun eiser sex-negativer Welt) däi sexuellt Wuelbefannen an deng Bezéiung zu dir an dengem Kierper beaflossen. An weis du kanns domadden ëmgoen!Quelle: "Come as you are" vum Emily Nagoski (Kapitel 5)
9/23/20188 minutes, 10 seconds