Winamp Logo
Loscht op Mord Cover
Loscht op Mord Profile

Loscht op Mord

Luxembourgish, Social, 1 season, 88 episodes, 2 days, 20 hours, 15 minutes
About
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen. All zweete Mëttwoch erwaart iech hei dann een néie spannenden Fall.
Episode Artwork

Episod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder?

An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt. Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
6/30/202430 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Episod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones

Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn. Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer.
6/16/202430 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

folge #86 - De Fall Hannah Graham

2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne lo ofgeschloss ginn. Wien et war a wat geschitt ass gitt dir an dëser Episod gewuer.
6/2/202426 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Episod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl

Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet. Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer.
5/19/202436 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Episod 84 - De Fall Aileen Wuornos

D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.
5/5/20241 hour, 11 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

Episod 83 - De Bréif aus dem Graf

Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.
4/21/202449 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Episod 82 - De Mord um Yangjie Li

Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.
3/24/202444 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Episode 81 - Verschwonnen op Aruba

2005 ass dat 18 Joer alt  Natalee Holloway mat Frënn op Aruba fir hire Schoulofschloss ze feieren. Mee um Dag vun der Ofrees ass d'Natalee net um Flughafen opgedaucht. Fir d'lescht gouf et mat 3 lokale Männer gesinn, mee déi wëssen och net wou d'Natalee ass... oder villäicht dach? Gitt et an eiser neier Episod gewuer.
3/10/202429 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Episod 80 - D'Verschwanne vum Branson Perry

Den 11. Abrëll 2001 ass den 20-järege Branson Perry amgaangen d'Haus ze raumen an ze botze fir wa säi Papp aus dem Spidol heem kënnt. Dobäi fënnt hie Kabelen, déi hien an de Schapp brénge wëll. Mee de Jong kënnt aus dem Schapp ni zeréck. Vun him feelt all Spuer. Wat ass mam Branson geschitt? Firwat wierkt et sou wéi wann déi Stad Skidmore Verbrieche reegelrecht unzezéien?
2/25/202448 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Episod 79 - D'Verschwannevum Madeleine Maddie McCann

Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass.  Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
2/11/20241 hour, 3 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

Episod 78 - D'Verschwanne vum Caleb Diehl

Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.
1/28/202435 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

Episod 77 - Karl Koch - Vum Hacker zum Spion

An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.
1/14/202433 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Episod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod

Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?
12/17/202336 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Episod 75 - Onkel Tick-Tack

Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.
12/3/202334 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

Episod 74 - Diskussioun pt.2

Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.
11/19/20231 hour, 8 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Episod 73 - Weimar-Morde

Am Joer 1986 verschwannen d'Kanner vun der Famill Weimar, Ufanks gëllen se als Vermësst, bis d'Läiche vun de Meedercher fonnt gi. Mais wien huet d'Kanner ëmbruecht a firwat? Dat diskutéieren d'Juie an de Charel an dëser Episode.
11/5/202348 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

Episod 72 : 3 Morden op Halloween

Et ass rëm déi wonnerbar Zäit vun Halloween, Horrorfilmer, erschrecken, grujeleg verkleeden, Kürbisse schnëtzen asw., mee net alles ass ëmmer esou flott. Dobausse ginn et och richteg Monstere, Mäerder. An dëser Episod kritt dir 3 kuerz Mordfäll presentéiert déi op Halloween begaange goufen.
10/22/202332 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

Episod 71 - Verschwonnen am Dschungel

Am Mäerz/Abrëll 2014 sinn d'Kris Kremers an d'Lisanne Froon op enger Work-and-Travel-Rees a Panama. Den 1. Abrëll wëllen déi 2 Meedercher eng kleng Wanderung iwwert den El Pianista Trail maachen, e relativ einfachen Dages Ausfluch. Mee vun dësem sollen déi 2 net méi rëmkommen. Woche méi spéit fënnt een Iwwerreschter vun de Meedercher. Wat ass mat hinne geschitt?
10/8/202344 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

Episod 70 - D' Verschwanne vum Sigrid Paulus

De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd. Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.
8/27/202331 minutes, 52 seconds
Episode Artwork

Episod 69 - Doud am Zëmmer 348

Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?
8/13/202333 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Episod 68 : De Mordfall Hannah Wiedeck

Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?
7/30/202328 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

Episod 67 : Tristan Brübach

De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert. Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.
7/16/202352 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Episod 66: De Mord um Tupac

De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.
7/2/202331 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Episod 65 - De Mord um Sylvia Likens

1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.
6/18/202334 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Episod 64 : Eenheet 731

Wärend dem 2. Weltkrich, gouf vum Japaner Shiro Ishii d'Eenheet 731 gegrënnt. Hei goufen extrem mënscheveruechtend Experimenter gemaach a biologesch sou wéi chemesch Waffen entwéckelt. Alles wat an der Eenheet 731 geschitt féiert dozou, dass de Shiro Ishii als japanesche Josef Mengele bezeechent gëtt. Wat d'Eenheet 731 war a wat se gemaach hunn erziele mir iech an dëser Episoden.
5/28/202341 minutes
Episode Artwork

D'Monster vun Amstetten

2008 gëtt d'Welt an Schock versat nodeems am éisträicheschen Amstetten ee vun den grausamste Verbriechen aus den leschten 20 Joer opflitt. De Josef Fritzl huet wärend 24 Joer seng eegen Duechter am Keller gefaange gehalen a mëssbraucht. Wéi dat Ganzt geschitt ass, a wéi et opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.
5/14/202343 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Episod 62 - Hitman for hire

Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine. Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen? Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.
4/30/202350 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

Episod 61: Selbstjustiz vum Marianne B.

Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand. virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
4/16/202346 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

De Fall Rebecca Reusch

De Fall Rebecca Reusch Beschreiwung: Den 18. Februar 2019 verschwënnt dat 15 järegt Rebecca Reusch aus dem Haus vu senger Schwëster. Bis Haut weess een net wat geschitt ass a wou d'Rebecca ass. Wat gewosst ass, wien verdächteg ass a wat fir Theorien et gëtt, beschwätze mir an dëser Episod.
4/2/202341 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Episod 59 - Wat ass mam Fluch MH370 geschitt?

Den 8. März 2014 ass den Fluch MH370 vun Malaysia-Airlines op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen. De Fliger mat 239 Menschen u Bord ass zënterdeem ni méi fonnt ginn. War et eng Entféierung oder e Selbstmord vun engem Crewmember oder war et dach eppes ganz aneres?
3/20/20231 hour, 4 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

Episod 58 - Gëtt de Mënsch béis gebuer?

An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.
3/5/202347 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Podcast - Mord oder Suizid?

2006 verschwënnt de Ray Rivera nodeems hien en Uruff krut. Et dauert e puer Deeg an da fënnt een seng Läich. Hien ass anscheinend duerch een Daach gefall, mee alles weist drop hin, dass dëst net méiglech wier. Wat ass wierklech geschitt?
2/19/202335 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Episod 56 - The Candyman

Ufanks de 70er Joren huet den Dean Corll mat 2 Komplizen eng Rei vun Entféierungen, Vergewaltegungen a Morde gestart. Wat do geschitt ass, a wéi alles opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.
2/5/202324 minutes
Episode Artwork

Episod 55 - Déidleche Fanatismus vum Lori Vallow

Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.
1/22/202330 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

Episod 54 - Dr. Tod

Vun de 70er Joren un bis Enn vun den 1990er Joren huet den Dr. Harold Shipman ganz vill Mënschen ermord bis en am Joer 1998 opgeflunn ass. Op wéi eng Aart a Weis den Dr. Tod seng Doten begaangen huet, gidd dir an dëser Episod gewuer.
1/8/202330 minutes
Episode Artwork

Episod 53 - "Kloster der Hölle"

Am Joer 1883 kënnt e Missionär vun der katoulescher Kierch an d'Kloster Marienberg zu Oochen. Hie kënnt net fräiwëlleg dohinner a wat him an aneren do am Klouschter geschitt ass erschreckend. Nodeems en do flüchten konnt versicht en dat alles opzedecken. Wien dat war a wat do geschitt ass, erzielen d'Julie an de Charel eis an dëser Episod.
12/18/202241 minutes, 1 second
Episode Artwork

Episod 52 - De Mäerder-Hotel vum H.H. Holmes

An den 1880er-1890er Joren huet den Dr. Henry Howard Holmes en Hotel gebaut deen nëmmen engem Zweck soll déngen, dem Morden. Wien den H.H. Holmes ass, wat mat dësem Hotel war, erziele mir iech an dëser Episod.
12/4/202255 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Verschwannen vum Dorothy Arnold

#51 Dorothy Arnold
11/20/202245 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

Episod 50: YOG'TZE-Fall

Am Hierscht 1984 fillt den Liewensmëtteltechniker Günther Stoll sech verfollegt an a Gefor. An der Nuechtt vum 25. op den 26. Oktober stierft den Günther Stoll op rätselhaft Aart a Weis. War et en Mord oder einfach en Accident mat seelenen Ëmstänn? Dat gitt dir an dëser Episode gewuer.
11/6/202233 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

Episod 49 - de Fall Bobby Dunbar

1912 ass d'Famill Dunbar bei engem Famillienausfluch bei engem Séi, do verschwënnt hire 4-järegen Bouf, de Bobby. En ass net méi ze fannen, bis 8 Méint méi spéit en Arbechter mat engem Jong gesi gëtt deen ausgesäit wéi de Bobby. Ass dësen Jong de Bobby Dunbar? Da gitt dir an dëser Episod gewuer.
10/21/202247 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

Episod 48 - Hexeprozesser vu Salem

Am Joer 1692 ass et an der Stad Salem zu enger Rei vun Ukloen wéinst Hexerei komm. An dëse Prozesser goufe vill onschëlleg Mënschen gefoltert, agespaart an higeriicht. Wéi et dozou komm ass, a wat genee geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.
10/9/202238 minutes, 52 seconds
Episode Artwork

Episod 47 - Arlis Perry

Am Oktober 1974 streit sech d Arlis Perry mat sengem Mann Bruce an hatt beschléisst owes eleng an d Kierch ze goen. Aus der Kierch sollt et awer ni méi lieweg Heem kommen. Wat, wéi a wien doru Schold ass, dat gitt dir an dëser Episod gewuer.
8/28/202232 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Episod 46 - Versace Mord

Podcast #46
8/14/202254 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Episod 45 - Crime Fails

An dëser Episode geet et net ëm ee speziellen Fall, maee mir schwätzen iwwert e puer Verbriecher, déi sech net besonneg schlau ugestallt hun. Also Crime Fails.
7/31/202236 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Episod 44 - Lake Bodom

De 4. Juni 1960 gi 4 Jugendlecher a Finnland un den Lake Bodom campen, dëst sollt en flotte Campingtripp ënner Frënn sinn. Et kënnt awer alles anescht wéi geplangt: Nëmmen ee vun de 4 sollt d'Nuecht iwwerlierwen. Wat geschitt ass, ween den Täter war an alles ronderëm den Virfall diskutéieren de Charel an d'Julie an dëser Episod.
7/10/202239 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Episod 43 - Keen Liicht op Eilean Mòr

#43 - Eilean Mòr
6/26/202225 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

Episod 42 - De Fall O.J. Simpson

1994 gëtt dem O.J. Simpson seng Ex-Fra d´Nicole Brown an den Ronald Goldman ermord virum Haus vum Nicole Brown opfonnt. Den Ex-Football Spiller O.J. Simpson gëtt verdächtegt de Mord begaangen ze hunn. Sou entsteet ee vun den spektakulärsten Gerichtsprozesser aus der US-Geschicht. Wat genau virgefall ass, gidd dir an deser Episode gewuer.
6/13/202251 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

De Brummi-Mäerder

An de Joren 2003 bis 2006 ginn et 4 Iwwergrëffer op Fraen, 3 vun hinne ginn ëmbruecht, 1 iwwerlieft. Ween den Täter ass a wat d'Grënn fir des Dote si beschwätze mir an dëser Episod.
5/29/202230 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

Episod 40 - Doppelmord vun Herne

Am Mäerz 2017 brécht dem Marcel H. säi Liewen auserneen. A sengem Frust wëll hien sech d'Liewen huelen. Dat klappt awer net an esou decidéiert hien, dofir een aneren ëmzebréngen. Wat genau geschitt ass, gidd dir an dëser Episod gewuer.
5/15/202238 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

39 - Amanda Knox

D'Amanda Knox ass eng amerikanesch Studentin, wat an Italien an enger WG lieft wou alles ganz normal leet. Bis enges Dages eng Matbewunnerin ermort an der WG opfonnt gëtt an eng riseg Ermëttlung an d'Weeër geleet gouf: Wat ass geschitt? Wien ass de Mäerder?
3/27/202252 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

38 - D'Bochumer Uni-Phantom

An de Joren 1994 bis 2002 gouf et zu Bochum an zu Sprockhövel eng Rei vu sexuellen Iwwergrëff. Den Täter gouf vun der Press als Uni-Phantom bezeechent. Wat do geschitt ass, erziele mir Iech an dëser Episod.
3/13/202233 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

37 - The Fappening

Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.
2/22/202228 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

36 - D'Verschwanne vum Peggy Knobloch

2001 verschwënnt dat klengt Peggy Knobloch um Wee fir Heem no der Schoul. Vun him feelt all Spuer. Wou ass d'Peggy? Wat ass geschitt? Wien huet domadder ze dinn?
2/5/20221 hour, 3 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

35 - Den "Todespfleger"

Den Niels Högel schafft tëscht dem Joer 1999 an 2005 a verschidde Spideeler. Hien gëtt als gudde Fleeger ugesinn, bis opfält datt ëmmer wann hien am Déngscht ass et besonnesch vill Reanimatiounen a Stierffäll ginn. Wat den Niels Högel domadder ze dinn huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
1/22/202243 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

34 - Affär: Gabby Petito

Am Summer 2021 ass d'Gabby a säi Verloobte Brian op enger USA-Rees mat engem Camper-Van, bis Mëtt-Enn August schéngt alles normal ze sinn. Mee dunn ass eppes Virgefall, wat do geschitt ass, gi dir an dëser Episod gewuer.
1/8/202237 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

33 - Marc DuTroux Part 2

Haut geet et weider mam Monster aus der Belsch, de Marc DuTroux. Mat dobäi ass en Gaascht, deen eis e bëssen erzielt wei dat deemools war, wat fir eng Angscht do ënnert de Leit war.
12/11/20211 hour, 45 seconds
Episode Artwork

32 - Marc DuTroux Part 1

Den Numm Marc DuTroux misst zu Lëtzebuerg bal jidderengem eppes soen. An dëser Episode gi mir op dee Fall an a kucke wat do alles schif gelaf ass an a weie Chaos dat d'Belsch geheit huet. Vue dass de Fall sou grouss ass, hunn mir deen an 2 gedeelt, am 1. Deel geet et em alles wat bis zur Verhandlung geschitt ass.
11/27/202152 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

31 - Based on a true Story

Jidderee kennt aus de Filmer de Saz "Based on a true Story". Haut hunn mir eis 3 Horrorfilmer geholl déi op richtegen Verbriechen baséieren a kucken och wat dovu wierklech wouer ass.
11/14/202128 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

30 - Xavier Dupont de Ligonnès

Am Abrëll 2011 ginn zu Nantes a Frankräich d'Läiche vun enger ganzer Famill fonnt, just vum Papp feelt all Spuer. War hien de Mäerder? Wou ass hie lo?
10/19/202146 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

29 - Falsch Frënn

De 6. Juli 2012 verschwënnt dat 16 järegt Skylar Neese. Wat ass geschitt, wien huet mam Verschwannen ze dinn? Dat alles erziele mir iech an dëser Episode vu Loscht op Mord.
10/11/202136 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

28 - Amoklaf Columbine

Den 20. Abrëll 1999 laafen zwee Jugendlecher an der Columbine Highschool Amok, dat zu dem Zäitpunkt de schlëmmsten Amoklaf ass, de jeemools an enger US-Amerikanescher Schoul war.
8/18/20211 hour, 4 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

27 - De Mord um Joseph Comunale

Den 12. November 2016 geet de Joseph mat Kolleegen an en Club feieren, Nodeems de Club zou gemaach huet, verschwënnt de Joseph virum Club an Taucht net méi op. Wat ass am Joseph geschitt, wou ass en hin? Äntwerten op des Fro kritt dir an dëser Episode vu Loscht op Mord.
8/3/202138 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

26 - Jerry Michael Williams

Am Joer 2000 geet den Jerry Michael Williams (Mike) fëschen. Owes kënnt en awer net Heem a seng Fra mécht sech Suergen. Wat ass dem Mike geschitt? Alles dat fannt der an dëser Episode vu Loscht op Mord raus. Des Weidere gëtt et um Enn nach ee klengt Gedanken-Experiment fir iech all.
7/28/202156 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

25 - D'Famill Schulze

Am Juli 2015 verschwënnt d'Famill Schulze ouni Spuer. Et goufe keng Unzeeche fir en Verbriechen oder Änleches. Ass d'ennergedaucht oder stécht do en Famillen-Drama derhannert?
7/6/202142 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

24 - Amanda Todd

Ee jonkt onschëllegt Meedchen aus Kanada mécht en Feeler am Internet, dëse Feeler ass den Ufank vu sengem Enn.
6/22/20211 hour, 13 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

23 - Jeffrey Dahmer

An dëser Episode beschäftege mir eis mam Fall Jeffrey Dahmer, ee vun de bekanntsten a schlëmmste Seriemäerder aus den USA.
6/8/20211 hour, 16 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

22 - Wa Kanner morden...

1957 kennt dat klengt Mary Bell op d'Welt, en klengt onschëllegt Kand, dat keng Léift kritt. Dëst huet Auswierkungen déi an d Onbeschreiflechst sech auswierken. Wat genau do geschitt ass fann dir an eisen neien Episode Raus.
5/26/202147 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

21 - Gypsy Rose

D'Gypsy ass en jonkt Meedchen dat zanter senger Kandheet gehäit ass. D'Gypsy ass schwéier krank an d'Liewe leet him a senger Mamm ëmmer méi Steng an de Wee. Am Joer 2015 ännert sech alles, bis eng traureg d'Wourecht un Dagesliicht trëtt.
5/11/202143 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

20 - De Ruhr-Kannibal

Am Juni 1976 huet d Police zu Duisburg eng grausam Entdeckung gemaach. Sie sinn op d'Spuere vun engem Seriemäerder gestouss deen 20 Joer laang onentdeckt gebliwwe war.
4/28/202151 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

19 - Mord am U-Boot

Am August 2017 huet den dänesche Constructeur déi schwedesch Journalistin op säin U-Boot ageluede fir en Interview. Den Dag drop taucht d U-Boot rëm op mee vun der Journalistin feelt all Spuer. Wat ass do virgefall?
4/14/202144 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

18 - JonBenét Ramsey

Chrëschtdag 1996, een Dag un deem ee mat der Famill zesummen ass an eng schéin Zäit verbréngt. Sou sollt et och bei der Famill Ramsey sinn. Bis de Moie vum 26. Dezember. D' JonBenét ass verschwonnen an en Erpresserbréif gouf fonnt. Mee wat stécht hannert dem Ganzen?
3/31/202152 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

17 - Down the Hill

Den 13. Februar 2017 sinn d' Abby (14) an d' Libby (13) zu Delphi op d' Monon High Bridge gaange fir Fotoen ze maachen. Do sinn si och ukomm, mee wéi de Papp si sollt ofhuelen, sinn d'Meedercher net opgetaucht. Den Dag drop goufen déi zwee dout opfonnt. Deen eenzegen Hiweis op Dot ass en Video deen d'Libby mat Snapchat opgeholl huet.
3/31/202148 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

16 - Natascha Kampusch

Natascha Kampusch gouf 1998 um Wee fir an d' Schoul entféiert a bis 2006 gefaange gehalen.
3/31/202142 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

15 - Mini Special

Als Entschiedegung fir eis Verspéidung, kritt dir hei en klengen Special mat Theorien an Froen.
3/31/202114 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

14 - Devils Pass (Djatlow)

Op mysteriéis Aart a Weis sinn néng Wanderer 1959 am Russeschen Uralgebierg ëm d' Liewe komm.
3/31/20211 hour, 22 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

13 - Ed Kemper

An dëser Episod geet et em ee vun de bekanntste Seriemäerder iwwerhaapt, den Ed Kemper. D´Julie huet sech getraut en Fall ze wiele vun dem de Charel vill weess.
3/31/20211 hour, 2 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

12 - Quiz an Diskussioun

An dëser Episod hunn mir kee Fall. D' Lisi ass rëm mat dobäi, mir maachen ee klenge Quiz a mir diskutéieren e bëssen iwwert True Crime.
3/31/20211 hour, 30 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

11 - Isdal

Ee Proff ass mat sengen 2 Meedercher wanderen, op eemol fannen si d' Läich vun enger onbekannter Fra. Wat ass mat hier geschitt?
3/31/202137 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

10 - D' Läich am Waassertank (Elisa Lam)

Am Joer 2013 ass eng kanadesch Studentin zu LA an engem Hotel verschwonnen. E puer Deeg nom Verschwanne kloen d'Gäscht vum Hotel, datt eppes mam Waasser net stemmt. Wat ass do geschitt?
3/31/202153 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

9 - D. B. Cooper

Ee Mann huet 1971 ënnert dem Numm Dan Cooper en Fliger entféiert, 200'000$ akasséiert an ass aus dem Fliger gesprongen. Dëse Fall ass ënnert dem Numm D.B. Cooper bekannt ginn.
3/31/20211 hour, 10 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

8 - Alcatraz

Dréi Prisonéier ass 1962 d' Flucht vun Alcatraz gelongen. Ween dat war a wei se dat gemaach hunn, ginn dir an dëser Episod gewuer.
3/31/202128 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

7 - Slenderman

Dréi 12-Järeg Frëndinnen aus den USA hunn 2014 fir Schlagzeile gesuergt. Hiert Verbriechen huet mat der urbaner Legend vum Slenderman ze dinn. Wat ass do genau geschitt a wei eng Roll spillt de Slenderman?
3/31/202154 minutes
Episode Artwork

6 - Russian Dollmaker (Anatoly Moskvin)

Beim Duerchsiche vum russesche Staatsbierger Anatoly Moskvin sengem Appartement gouf eng grausam Entdeckung gemaach. Fonnt ginn goufen 29 mumifizéiert Läichen, dorënner 26 Kannerläichen.
3/31/202148 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

5 - Frauke Liebs

Zu Paderborn ass 2006 dat 20 Joer aalt Frauke Liebs verschwonnen, nodeems et mat enger Frëndin an engem Irish Pub en Match vun der Fussball-WM gekuckt huet. Déi folgend Deeg kommen ëmmer rëm SMSen an Uriff vum Frauke, mee Geneeës seet et ni. Am Oktober 2006 fënnt een dann d' Läich vum Frauke.
3/31/20211 hour, 3 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

4 - Jack the Ripper

1888 war d´ Zäit vum bekanntste Seriemäerder deen et gëtt... de JACK THE RIPPER.
3/31/20212 hours, 20 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

3 - Lars Mittank

Juni 2014, d' WM a Brasilien ass voll amgaangen an den 28 järege Lars Mittank ass mat Kolleegen a Bulgarien um Goldstrand an der Vakanz. Alles verleeft sou wéi et geplangt war... bis den Owend virun der Heemrees.
3/31/202148 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

2 - Das Horrorhaus von Höxter

Zu Höxter an Däitschland ass 2016 een Haus an d'Schlagzeile komm, well do iwwert d'Jore verschidde Frae festgehalen a schwéier mësshandelt goufen. An mindestens zwee Fäll hunn dës Mësshandlungen zum Dout gefouert. Dëst Haus krut an de Medien den Numm "Horrorhaus von Höxter".
3/31/202150 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

1 - BTK

An den 1970er Joren huet zu Wichita de BTK-Killer mat senger Mordserie ugefaangen. Déi Mordserie ass 30 Joer laang net opgekläert ginn.
3/31/20211 hour, 20 minutes, 53 seconds