Winamp Logo
Gréng op den Oueren Cover
Gréng op den Oueren Profile

Gréng op den Oueren

Luxembourgish, Social, 1 season, 12 episodes, 6 hours, 11 minutes
About
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Journal.
Episode Artwork

Biodiversitéit a Photovoltaik : Hand an Hand

Solar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen? An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen. Dofir waren de Patrick Jeitz an den Eric Golinelli bei eis an hunn iwwer d’Challenges an d'Chancë vun sou Anlage geschwat. Och den Expert Pierre Kalmes vum Büro d’Etudes efor_ersa huet iwwer hir Beobachtunge bericht. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
7/18/202430 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Fraen an der Welt vun der Energie

An dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien? Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies bei Enovos a mam Anouk Hilger, Head of Renewables bei Enovos, bléckt de Max e bësse méi kritesch hannert d’Kulisse vun der Energie Branche. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
5/21/202437 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

Smart Doheem

An dësem Episod dréit sech alles ëm Smart Homes: Wat mécht een Haus eigentlech "smart"? Wat kann ee mat der neier Technologie alles maachen? A virun allem, ass et just en "Nice-to-Have" oder kann ee mat der Smart-Home-Technologie wierklech Geld an Energie spueren? Doriwwer schwätzt de Max mam Laurent Saeul, Administrateur délégué vu Minusines. Mee net nëmmen dat: Hie geet och live op e Chantier! De Charel Lentz baut nämlech grad een neit Haus. Bausse mat vill Holz a bannen… eebe smart. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
2/2/202433 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Startups mat Fokus "Energie"

De Label "Made in Luxembourg" bedeit net onbedéngt ëmmer Kachkéis oder Cremant, heiansdo bedeit et och "Innovatiounen". An dësem Episode bléckt de Max hannert d'Kulisse vun 3 innovative Start-Ups aus Lëtzebuerg, déi am Beräich vun der erneierbarer Energie ënnerwee sinn. Dofir begréisst en och direkt 3 Invitéen: de Grégory Nain vun Datathings, de Xavier Kohll vu Circuli-ion an de Christophe Timmermans vu SolarCleano. Digital Zwillingen, Wäschroboter vu PV-Anlagen a Batterien, deenen een zweet Liewe geschenkt gëtt: vill Spaass mat spannende Lëtzebuerger Success-Stories. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
10/25/202331 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

Energie Myth Busters

An dësem neien Episod gëtt de Max zum MythBuster, oder wéi hien et seet : Hien erfëllt sech e klengen Dram a moderéiert X-Faktor, das Unfassbare. Also op d'mannst bal. Froe wéi "Gëtt et am Wanter méi séier waarm doheem, wann ech d’Heizung direkt op 5 dréinen? Verbraucht mäi Frigo méi Energie, wa méi Saachen dra sinn? A muss ech mäi Bakuewe wierklech waarm maachen ier ech lassleeën?" goufen de Leit an der Foussgängerzon an der Stad gestallt. De Max geet de bekanntste Mythen op de Grond a probéiert mat der Hëllef vum Laurent Melchior vun Enovos d'Léisungen dozou ze fannen. Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
8/25/202330 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Stroum doheem produzéieren

Energie ass iwwerall ronderëm eis. Et muss een se just afänken. No dësem Motto kucke mir an dësem Episod, wéi jidderee vun eis net nëmme selwer Stroum produzéiere kann, mee duerch Autoconsommatioun och säi Bäitrag fir eng nohalteg Zukunft leeschte kann.⁣ ⁣ De Sasan Rafii ass Co-Fondateur a Gerant vu Letz Green Renewables, déi Photovoltaik-Anlage bauen an de Leit et erméiglechen, hire Stroum sou vill wéi méiglech selwer ze notzen. Hien erkläert ënner anerem, op wat een oppasse muss, wann een eng PV-Anlag installéiere wëll, a wéi en "Smart" Doheem hëllefe kann, d'Energie ideal anzesetzen. De Laurent Melchior vun Enovos mécht d'Theorie hannert de PV-Anlage méi gräifbar a weess, wéi eng Optiounen et gëtt, fir d'Lag vum Daach ideal auszenotzen. D'Sarah Juchems vun der Klima-Agence gëtt Detailer zu de verschiddene Subventiounen, déi een bei esou engem Investissement zegutt huet.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
6/22/202329 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Erneierbar Energie fir Lëtzebuerg

Wandenergie, Solarenergie, Waasserkraaft. Et gëtt vill verschidde Manéieren, fir nohalteg Stroum ze produzéieren. Wéi eng Entwécklung huet déi gréng Energie iwwert déi lescht Joren zu Lëtzebuerg gemaach? A wéi kënne Betriber an och Privatleit hëllefen, fir d’Energietransitioun virun ze dreiwen?⁣⁣ ⁣⁣ D’Anouk Hilger ass bei Enovos Responsabel fir d’Departement vun den erneierbaren Energien a gëtt an Abléck an déi grouss Projeten, déi Enovos scho jorelaang ëmsetzt – vun der Ëmweltetude ganz um Ufank iwwer d’Konstruktioun bis bei d’Exploitatioun. De Schwéierpunkt läit op der Photovoltaik. Mir gi gewuer, dass Solarpanneauen och schwamme kënnen a kréien erkläert, wéi eng Roll landwirtschaftlech Flächen an Zukunft kënne spillen. Donieft kréie mir vun engem iwwerzeegte Privatnotzer Tuyauen, op wat een oppasse muss, wann ee sech doheem eng Anlag installéiert, a wat d’Virdeeler vu gréngem Stroum sinn.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
3/17/202327 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Liichtverschmotzung

Kënschtlech Luucht huet méi e groussen Afloss op Mënsch an Déier, wéi ee mengt. Kann et sinn, dass mir eis d’Welt méi hell gemaach hunn, wéi se eigentlech misst an dierft sinn?⁣⁣ ⁣ Mir sinn dës Kéier op Besuch beim Liichtberoder vum Naturpark Our. Den Daniel Gliedner erkläert eis ënner anerem, firwat d’Thema an de leschte Joren ëmmer méi Gewiicht kritt huet, wéi d’Stroossebeliichtung nei geduecht ka ginn a wat fir positiv Effekter et dobäi fir d’Gesondheet gëtt. Den Tiago De Sousa, Chargé d’études bei der Naturverwaltung, seet eis, wéi d’Problematik national an international an Ugrëff geholl gëtt. An de Laurent Melchior vun Enovos gëtt praktesch Tuyauen, fir net nëmme Luucht, mee och Energie ze spueren.⁣⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
2/14/202325 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

Klimafrëndlech liewen

Et gëtt kee bessere Moment, fir seng Gewunnechten z'änneren, wéi den Ufank vum Joer.⁣ Besonnesch déi kleng Gesten a Schrëtt kënne vill bewierken, och am Hibléck op d'Klima.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Mir sinn dës Kéier ënner anerem op Besuch beim CELL. D'Delphine Dethier an den Norry Schneider zielen eis, wéi wäit d'Transitiounsbeweegung et no 12 Joer scho bruecht huet a wat déi grouss Erausfuerderunge fir déi no Zukunft sinn. Mir luussen och beim Estelle Flammang am Buttek Onperfekt zu Maarnech eran, hannert deem eng Initiativ stécht, déi sech fir lokal a saisonal Liewensmëttel staark mécht. A vun Enovos gëtt et einfach Tuyauen, fir Energie ze spueren, woubäi de Klient-Portal my.enovos och eng wichteg Roll spillt.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
1/6/202331 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Energetesch renovéieren

Et muss net ëmmer nei sinn. Renovéiere kann och eng Optioun sinn, besonnesch wann ee Wäert leet op Klimaneutralitéit an Energieeffizienz.⁣ ⁣ Mir sinn op Besuch beim Ben Birkel zu Hitten, deen d‘Scheier renovéiere gelooss huet, déi viru bal 100 Joer vu sengem Grousspapp gebaut gouf. Mat dobäi ass den Expert Marc Neu. Hie bedreift en ökologesche Baustoffhandel (www.naturbaustoff.lu) an ass schonn iwwer zwee Joerzéngte laang am Energieberäich täteg, ënner anerem als Energieberoder. Am Gespréich mat der Klima-Agence raume mir donieft op mat Virurteeler ronderëm energetescht Renovéieren a loossen eis vun engem Simulator ënner d’Äerm gräifen. A vun Enovos gëtt et praktesch Detailer zu den enoprimes, déi jiddereen ufroe kann.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
12/13/202235 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

Nohaltegt Bauen

Wéi plangt een en Haus, wann ee klimaneutral an energieeffizient wëll bauen? An op wat muss ee besonnesch gutt oppassen, fir dass de Projet e Succès gëtt?⁣ ⁣ Beim Max Pesch ass de Wonsch vun engem Holzhaus mat engem héijen Ecostandard Realitéit ginn. Mir maache mat him zesummen en Tour duerch d'Haus (Auteur vum Projet: Witry & Witry architecture urbanisme) a ginn ë.a. gewuer, wat eng Lehmmauer matzen an der Stuff fir Virdeleer huet a wéi eng Roll d'Photovoltaik ka spillen. Donieft gëtt et Tipps vum Sarah Juchems vun der Klima-Agence a puncto Subventiounen, an och Besuch vun enger Influencerin.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
11/9/202229 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Grénge Stroum zu Lëtzebuerg

Hunn ech grénge Stroum doheem? A wa jo, wou kënnt en iwwerhaapt hier? De Max war bei Enovos laanscht luussen, fir sech vun dräi Experten aus verschiddene Servicer doriwwer opklären ze loossen.⁣ ⁣ Den Alain Hübsch ass als Head of Market Operations & Power Asset Trading bei Enovos responsabel fir den Akaf vum Stroum. De Roger Rütze huet den Duerchbléck wat Certificaten ugeet a kann erklären, wéi de Stroum säi grénge Label kritt. An de Germain Emeringer huet mat senger Equipe am Customer Service Center souwuel on- wéi offline Dag fir Dag en oppent Ouer fir d'Clienten, a weess, wou de Schong meeschtens dréckt. Donieft gëtt et och Tipps vum Energieberoder, ë.a. zum spuersamen Ëmgang mat der Energie.⁣ ⁣ Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun vun Enovos mam Lëtzebuerger Journal.
10/3/202229 minutes, 25 seconds