Winamp Logo
Erklär&Laach Cover
Erklär&Laach Profile

Erklär&Laach

Luxembourgish, Comedy, 6 seasons, 111 episodes, 4 days, 22 hours
About
Zimlech iwwerflëssegen Podcast, mee dofir eemol d'Woch. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Episode Artwork

Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette

De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze Fliiger giess huet?
7/1/202458 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

Intermezzo VI - Rumeur oder Wourecht?

Mir mellen eis just kuerz aus eisem Erklär&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nächst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?
6/6/202411 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach. 
1/7/202452 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck

Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder? Merry XMAS léif Fësch.
12/18/20231 hour, 17 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Ep.81: Squattage um Stau

Mir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat! An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.
6/19/20221 hour, 23 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

Intermezzo V - Who are you Andy Schtrack?

Et ass roueg an der nationaler Podcast-Landschaft, just bei eis dräi Toperte brennt nach Luucht. An dat huet e gudde Grond. No wochelaangem Sichen, féiwerhaftem Gerätsels, a mystériéisen Noriichten ass et endlech souwäit: Den Andy Schtrack weist seng hässlech Fratz.
6/22/202118 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

Intermezzo IV

Et gëtt emol nees Zäit, fir eis kuerz ze mellen. Fir eng ganz Folg ass et eis zäitlech leider net erausgaangen, mee mir trälleren iech awer kuerz e Lidd vun engem Super-GAU, méigleche Partnerschaften - an natierlech der gefallener Legend Frank Engel.
4/13/202120 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Intermezzo III

E kuerze Liichtbléck am groen Alldag vum Joer 2020: Et gëtt Zäit fir op eng Rei Noriichten aus Internetz ze äntweren. Ënnert anerem eng wichteg Fro vu Spogens hirem Dan. An dann freeë mir eis fir d'Lynn, a froen eis wou de Joe mat sengem Liegerad wuel hin ass...
11/17/202031 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Intermezzo II

D'Liewe geet nees un. A mir wäerte ganz geschwënn nees beienee sëtzen! Bis et souwäit ass, hei nach e klénge Kaffisbraddler mam Pippo a Baschti.
5/26/202015 minutes
Episode Artwork

De Feierstorch: Kapitel 5

Nodeems Hei Elei, Paus, Happy Hippo, an Tun&Max schonn de Feierstorch op senger Rees begleet hunn, ass et elo un eis. Maacht Iech prett fir eng Achterbunn vun de Gefiller op der Sich nom Scoville-Rubin.
4/6/202013 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

Ep.22: 'Hien ass mam Drock net eenz ginn'

Erklär&Themen:  Déi gréisst Whatsappgrupp vun der Welt, Rassismus zu Lëtzebuerg an dem Joe seng schwéier Vergaangenheet als Skater Boy... An natierlech nach vill méi. Fir Risiken an Niewewierkungen consultéiert w.e.g. Ären Druid an/oder Schaman.
11/26/201952 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Ep.21: 'The band is back together'

Podcastkrich, Pit Witzeg vs. Joe Mores, an eng onwarscheinlech Frëndschaft tëscht engem Tiger an enger Geess. Ausserdem: Dem Pippo seng Erliewnisser op der Spielemesse, Neies aus der Welt, an natierlech de Merci vun der Woch. Dëse Podcast eegent sech gutt als Medizin bei liichten Erkrankungen oder als Depressiva. Vergiesst net, e gudden Tacos ze iessen. Aiii.
11/10/20191 hour, 7 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Intermezzo

20 Folgen E&L? Zäit fir e klengen Intermezzo! Opgepasst: Dëse Podcast enthält Clickbait a Sponsoring!
10/30/20197 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

Episode 20: 'Papp erschéisst Mamm -> Kiffen -> Ouni Zänn op der Gare leien'

Eng lëtzebuergesch Kaméidi iwwer kleng Leit, Cannabis, an de Kuwait. An de Rollen: Pippo Berscheid als Gyberien's Gast, Joe 'Capitani' Dennenwald als Billie Eilish, an de Baschti Gudenburg als dank Memelord (an immens léiwe Mënsch). A weidere Rollen: Fernand Kartheiser, d'Nationalequipe an eng Reklamm fir lëtzebuergesche Béier...
10/13/20191 hour, 2 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Ep.15: 'Dem Joe säi roude Fuedem'

Wärend de Philippe op geheimer Missioun ass, stellen de Joe a Baschti e Weltrekord op. De Joe moderéiert duerch di längst Episode vun ever, vun Statussymboler iwwer Viruerdeeler bis zu fléienden Taxien. Et war Ginpresso am Spill...
9/2/20191 hour, 27 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Ep.10: 'Island, Lëtzebuerg, an eng Summerresidenz'

De Philippe huet des Woch den Houscht, mee hien setzt op engem (schmelzende) Gletscher an Island! Dofir stellt hien stellt seng Froen un de Baschti a Joe per Fläschepost... Mir beschwätzen trotzdem rem vill Dommheeten, enner anerem di gréisst Fehler vun der Menschheet, Stars aus Hollywood, di bäscht Sprëch, Drohnen, Klima, bla bla bla. Dat Üblecht, just an engem anere Format. 
7/21/20191 hour, 1 minute, 26 seconds
Episode Artwork

Ep.4: 'Wat den Charles Manson an eng CSV-Ministesch gemeinsam hun'

Hei kënnt eisen éischte Special! Crime Time bei der Erkläranlaach. Mir beschwätzen alles vun Charles Manson bis Aktenzeichen XY, mat e puer spektakuläre Geschichten aus Lëtzebuerg.  Niewebäi braddele mer natierlech iwwer Gott an d'Welt, wi emmer. Et geet leider och rem kuerz em de Joe Thein…
6/2/20191 hour, 9 minutes, 31 seconds