Winamp Logo
Paus. Cover
Paus. Profile

Paus.

German, Comedy, 1 season, 192 episodes, 3 hours, 54 minutes
About
Podcast by Jill & Yannick
Episode Artwork

#141 Dee mat der total sënnvoller Erklärung

Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week!  Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dusch ze sprangen, Frae-Flops an e Kanister Theaterblutt. Blame it on the rain!
10/20/202455 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#140 Dee mam hellege Bimbam

Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer. Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil. Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi! Am CNA ass et extra flott, am Kinepolis awer net (well do viru Geriicht gesonge gëtt). Am Delirium gëtt o nach iwwer lëtzebuergesch Musiktalenter, skandaléis Zoustänn bei der Krankekeess an d'Sommerhaus der Mörder diskutéiert. Kyrie Eleison!
10/6/20241 hour, 22 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#139 Dee mam Maale Gars

Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era. De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen. Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontatiounskurs si genee esou mat dobäi ewéi den "Hide the pain Raab", den Dave Grohl, d'Zelda an d'Schrondweiler Jugend (feat. AnnenMayKantereit). Wou sinn d'Festivals zu Lëtzebuerg? Wou ginn d'Boomer un? A wat steet op der leschter Säit am Opklärungsbuch?
9/22/20241 hour, 21 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

#138 Dee mat de "Bore Worms" (Konditionsschwimmen)

Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi sinn awer o nach d'Serienempfehlungen vum Summer, erotesch Angscht, japanescht Gegoogels an d'Glenn Close. Wee vun eis wär bal 20 Joer mat der "Anaconda" gefuer? Wär "Jiddereen aneren in Paris" eng besser Serie ewéi d'Emily? An ass Tennis wierklech d'Sprooch vum Sport?
9/8/20241 hour, 24 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#137 Dee mam sténkege Baggerweier

Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself.  Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi. Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen). Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach??
8/25/20241 hour, 4 seconds
Episode Artwork

#136 Dee mam Gilles (heterosexuelle Quotenmann)

Treffen sech dräi Labertaschen am "Quai" zu Maacher... Nee, et ass kee Witz, mee eis aktuell Summerepisod mam Gilles Reuter, dee vill iwwer Naturwäin, seng Dadaen an Éisträich (wou onsympathesch sinn an Haass en Deel vun der Kultur sinn) ze zielen huet. Tëscht Wiener Baren an engem feelende Kölner Stadzentrum geet et och ëm TV-Entspanung fir Leit mat rouden Aen, Serië fir d'Häerz an ugepisste Kanner (literally). Et gëtt wëll an onfiltréiert, well mat dobäi sinn ënner anerem d'Martine an den (toxic) René, e Lausbouf-Igel, dee vill drénkt, petty Polizisten an d'punkegt Chappell Roan. Äert biodynamescht Trio beschwätzt verjärte Strofdoten, Terrorverdacht beim Taylor, Autosgeschichten tëscht "Arts et Métiers" an "ECG" an de Lëtzebuerger Vocabulaire. Wat ass e PetNat? Gi mir no dësem Podcast vum Kai Pflaume verklot? Wéi gesäit et am Backstage bei "Rammstein" aus? A ween huet mat de "No Angels" Schampes op der "Päischtcroisière" gedronk?
8/14/20241 hour, 13 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

#135 Dee mam Télévie-Marielle

It's a Susy Lentz Summer! Äre Liblingspodcast kritt 5 Joer a wéi kéint een dat besser feieren, ewéi mam (M)arielle, dat eis beim "Télévie" ersteet hat?! Herbert, Karen, Guy, Riccardo, Joel a Bill – dat si nëmmen e puer Nimm, déi an dëser Episod falen. Das literarische Quartett zu dräi schwätzt iwwer dem Frida Kahlo säi Mann beim "Lëtzebuerger Wort", "Fada's Family" am Bioskuer a Podcasts. De Pink Pony Club who peaked in High School thematiséiert ënner anerem "close friends", Anglizismen an d'"Poterkëscht". Et geet och ëm méi eescht Themen ewéi Barrierefräiheet, Ableismus, Diversitéit a Reclaiming. Wat ass eigentlech e Waassermann? Ween ass de Bädädädädäm? A wee vun eis ass eng richteg Jangli-Prominenz?
8/11/20241 hour, 22 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#134 Dee mat Hamburg a Berlin

E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn. Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht.  Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Dikec) ginn et o nach Film- a Serientipps vum "Fuß der Zeit" – diet culture an tätowéiert Beebeeën inklusive. An dat alles op engem Mëttwoch!
8/7/20241 hour, 20 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

#133 Dee mam mysteriéis-royale Gaascht

Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepackt. Eng Diskussioun iwwer d'faméis Petitioun 3198 dierf natierlech net feelen. Dobäi geet et net just ëm Identitéit a Bildungsmangel, mee och ëm Islamophobie a Mënscherechter. Riets geet och iwwer ESC-Enttäuschungen a -Wourechten, nei eras an Zukunftsmusek. Mat dobäi sinn ausserdeem d'Stella, d'Phänomen "Bobrisky", dem Claude Monet seng Schwëster an en Hemsworth-Kickes. Wéi ass et, tëscht zwou Kulturen ze existéieren? Wéi steet et ëm Relioun a Spiritualitéit? Gëtt "I wish I was a pink lady" de neien Eurovisiouns-Hit? An zerbrécht Männlechkeet un engem rouden T-Shirt?
7/28/20241 hour, 32 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

#132 Dee mat den enttäuschten "Tokio Hotel"-Fans

Är zukünfteg Maacher Wäikinniginne sliden haut mat 100 à l'heure an de Schwimmteich an engem Politiker an d'dms. Et geet ënner anerem ëm emotional Männer, historesche Gossip a naass Ënnerwäsch zu Düsseldorf. Et gi wichteg Froen opgeworf, wéi zum Beispill: Ween ass de neien Joy Hoffmann? Wéi geet onironeschen Horror 2024? Gëtt ee vun eis Portier vun der Ambassade? A wat ësst ee beim Dinner mam Ötzi? Et ginn Dommheeten an Highlights vun der Pride, ongewéinlech vill Shoutouts an Diskussiounen iwwer d'EM (net dm). D'Pläng fir den Abschid a verbal Konschtënnerstëtzung fannen eben esou hier Plaz ewéi oscarräif Hausfraen, Coming-Outs, d'Hogwarts-Hypnoseschoul a Rechtsrockbros. Inch Alain!
7/21/20241 hour, 28 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

#131 Dee mat der Khaki Straight Parade

Willkommen, bienvenue, welcome! Aner Podcasts hu Summerbreaks, mee mir handelen entgéint eisem Numm a schenken iech eng XXL-Episod. Fuert mat eis d'"Rue Joseph II de la résistance" erof an erlieft eng Parad aus Tréinen, Police-Autoritéit an am Donkele molende Yolandas. Theme sinn ënner anerem d'"Fashion Week", den "Te-Dayum", d'Pub-Quiz mam Sam an Tam (an der Prinzessin) an en iconic (a leider ëmmer nach aktuelle) Film, deen esou impressionant ass, dass een dofir an d'Bibliothéik geet. D'Kaulitz-Famill an "Germany's Next Margaret Thatcher" sinn och mat vun der Partie, genee esou ewéi de Luca beim Halligalli, de shady Edsun an den "Elle"-Launch-Event am Mudam. Mir beschwätzen de Soundtrack vun eisem Liewen (vun "Air" iwwer "Lily Allen" bis "Schlumpfen" an "Dulce Pontes") a froen eis, wat eigentlech mat de Claudette geschitt ass, ob een am Auto kachen dierf a mat weem mir beim "Oberweis" en Hühnchen rupfen mussen. Yoleau!
6/30/20241 hour, 39 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#129 Dee mat der Mamm um Broadway

Mir si Kultur... an nees do! Deen Anere vu Wham! an d'Mandy vun Ibiza bréngen iech haut JetSet, Kannererzéiung, Féiwerdreem vum "Usina" a ganz vill queer icons. Ee vun eis lauschtert Fraen no (awer just op Mammendag) an deen anere pöbelt an enger Bar. Niewt dem Nicki an dem Sandy, dem Tenor vun 3sat an "Tüll und Tränen mit vier Hochzeiten"  ginn et nach epuer Hot Takes an en Touch Selbsthass. Et gëtt politesch, poetesch, kulturell héichtrabend a chaotesch – also alles ewéi ëmmer. Firwat sinn d'Nazis am Osten? Wou bleift de Spaass? A wat ass "Wagon Wheel Watusi"?
6/15/20241 hour, 22 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

#129 Dee mat der Kippi

Bedéngt duerch den Jetset-Lifestyle gëtt et eng Episod, déi zwar ganz fréi opgeholl gouf, mee awer mat gewinnt vill Traumatainment©! Mir fuere mam Zecken-Hop on-Hop off-Bus a Richtung Broadway an hunn de Gregor Samsa (inklusive Death Drop), den amerikanesche Schoulsystem (but make it funny) an iconic Merch (fir Teenies) mat dobäi. Niewt Gossip-Schäiss aus dem Culture Forest a vum "Usina", feelenden Haushaltstipps an Tattoos vum Xavier Dolan ginn et zwee extra däreg Dossieren. Beim éischte gëtt et "fremdenfeindlich toujours" mam Justus a Marie (D) a nervös Männer kämpfe mat Fuchtelfanger vermeintlech fir Fraerechter (L). Beim zweete ginn et Meetings, Meetings, Meetings a Leit, déi mueres um 10 zu Esch d'queer Nationalhymn sangen. Wéi ëmmer ginn och ganz vill Froen opgeworf: Gëtt "Paus Clone Wars" de näechsten "Dune"? Huet de Felix Lobrecht eng Verbindung zu Engelszuelen? A sinn de Cosmo an d'Wanda heemlech bei deene Gréngen op der Lëscht? Love wins! Gidd wielen! FCK NZS!
6/1/20241 hour, 14 minutes, 52 seconds
Episode Artwork

#128 Dee mam Europapaus

Eng Woch nom "Eurovision Songcontest" gëtt et natierlech eng kleng Analys vum Event – oder vun deem, wat mir matkritt hunn.  Thematiséiert ginn ënner anerem awer o nach Politprominenz an der Pizzaschlaang, a boy named Cornichon an eng Leidensgeschicht am Kölner Nuetsliewen. Tëscht pick me-Hypnose, engem antiken Cello am "Trifolion" a Standup-Recommandatioune gëtt et eng Alerte Rouge – net nëmme fir d'Wieder, mee och fir den Intelligenzquotient an de Facebook-Kommentarer. D'Faass ass iwwergelaf... dofir ginn et haut ganz vill Emotiounen. Et gëtt iwwer homophob Attacke geschwat an d'Mario-Barthiséierung vun der Gesellschaft gëtt aktiv-aggressiv bekämpft. Sinn d'Hobbits aus Idaho? Dierfe just Mamme méi fréi danze goen? Wat huet SAR Louis mam Musical "Wicked" ze dinn? A wat mécht den David Goldrake eigentlech hei?
5/19/20241 hour, 37 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

#126 Dee mam Loïc

We put the tea in Charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"! Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder. Mat dobäi sinn o nach Muppen, skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie. Et ginn nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill:  Wéini sponsert d'Spuerkeess eis? Si mir de reporter.lu vun de Podcasts? A weieng RTL-Ikon verdéngt hier eege Sendung?
4/21/20241 hour, 29 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#126 Dee mat der Ouschterfamill

Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang, dat deierst Brout vun der Welt (Dat ass d'Staat!) an d'Buchrecommendatioun vum Joerdausend (inklusive TED-Talk). Fir d'Extraportioun Musik gëtt et Country mat Metaebene, franséischsproocheg Artiste-Verwirrung an eng Emaarmung als Lidd. Mir schécken e Stéck Taart iwwer Facebook a gruschelen iech ganz häerzlech!
4/7/20241 hour, 25 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

#125 Dee mat de biologesche Vollidiot*innen

Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Caroline an de Lieblingsbob stinn och um Ordre du jour. Wéi penibel behuelen sech RTL-Leit am Theater? Wéieng Frae leien der ADR um Häerz? A wéi wäit kann d'Laun nach an de Keller goen? Diana has left the chat!
3/17/20241 hour, 17 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

#124 Dee mat den zerstéierten Tomorrowland-Dreem

Mein Gott, Leute! Et ass nees Sonnden an de Podcast eures Vertrauens schlittert mat iech queesch duerch den Themegaart: Et geet em d'glamouréist Liewen zu Bréissel a Köln, unskippable Serienintros an ënnerschaten däitsch Witzbolder. Mat dobäi sinn och de Maz mat der Pandamask, eng Lueweshymn op "Hunnegstrëpp" a grouss "Paus. and friends"-Dreem. D' (onfräiwëlleg) witzëgt J.Lo, Iwwersetzungs- a Schreiffeeler an de Strugglebus "Drag Race Belgique" gi gewinnt sachlech a professionell diskutéiert. Dir braucht nach méi Grënn, fir eranzelauschteren? D'"Alpe d'Huez", d'Skandal-Marie, d'Olivia Colman an de schéinste Film vun der leschter Zäit. Yippie!
3/3/20241 hour, 9 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

#123 Dee mam Veltinsdag

Hey oh! Halt op mat Schifueren a schwätzt mat eis iwwer Kamelott an der Ladies Night, den Zupperbowl mat engem echte Country Girl an dem Xav säi granzege Kolleeg. Mat dobäi sinn haut o nach Rugby-Kannibalen, de Merv the perv, Marvel-Dreem an d'Hüller. Apropos Hitler: Et geet o nach ëm eng verjuppte Schmis, de Michael Schumacher um Knuedler a Mobbing am Asia-Restaurant. You go, Griselda Coco!
2/18/20241 hour, 21 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#122 Dee mam Luxembourg Song Contest

Haut dréit sech natierlech alles em den LSC (oder och nach "Désirée and Friends"). 50 Prozent vun dësem Podcast hunn d'Spektakel virum Fernseh verfollegt an déi aner Hallschent live an der "Rockhal" – freet iech also iwwer eng ëmfaassend Berichterstattung mat One Direction, diva-liken Dänzer an Drama vun der Afterparty. Nieft dégoutéierte Gesiichter, Verschwörungstheorien an online-Haass gëtt et awer och vill Israeelesch, en Touch Medienrummel an e bësse Keelebunn beim "Kueb". Ofgesi vu Musik a Kontroverse geet et o nach em maximal onangeneem Männer a krass Frae mat wichtege Messagen. Ausserdeem mat dobäi: multilingual (mee schei Leit) bei Panels an um Brunch, feelend Aueren um Kierchbierg a Cocktaile mat Pizza-Goût.
2/4/20241 hour, 27 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#121 Dee mam RTL1

De Fanger an d'Luucht an d'Aen zougepëtzt, well elo gëtt et wichteg! Ären nischege Podcast ass a senger Kebab-Ära an diskutéiert alles, wat am neie Joer wichteg ass: e Periodendrama (literally), Broadway-Dreem, Basketsmammen op der Musel an After Work am Musée. Mir fueren a Richtung22 a begéinen Doktere mam Sailor Moon Stab, de Gossip Guy vum ESC a popkulturell Ignoranz. Huelt äre siwente Sënn eraus a maacht iech prett fir total verhexte Fernsehsrevolutionärinnen, d'Daisy Jones Universum an emotional Macher. D'Bier ass nach net geschielt, mee den Drops ass gelutscht!
1/21/20241 hour, 35 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#120 Dee mam ale Joer

Och um leschten Dag vun 2023 ass nees Zäit fir eng "Paus.". Mir kucken zeréck op e Joer voll Ups and Downs an deelen Erkenntnisser a Virsätz. Mat dobäi sinn d'Häipie vum Joer, Filmdiskussiounen, "Baccara" 1 an 2 an dem Luc seng Fritten. Ob den George Michael oder den George Fedder, Schnéi an Afrika oder Gucci-Flipflops am Krichsgebitt – et ass nees Spaass fir d'ganz Famill ugesot. Fir net an de sougenanntenen opportunisteschen Teller ze trëppelen, gëtt et o nach Kacka an der Chamber, Panik am Karussell an e bëssen Dschungelcamp. Rutscht gutt, awer net ze wäit – höhö!
12/31/20231 hour, 24 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

#119 Dee mat der Happy Hippaus

Sitting, waiting, wishing... Wärend mir all op d'Chrëschtkëndche waarden, gëtt et eng speziell Folg fir de 4. Advent: Ënnert dem Motto "Podcasttausch – jetzt wird geweihnachtet" huet äre Bildungspodcast eng Episod vun den "Happy Hippos" opgeholl. Tëscht Crossfit, NBA an Eggnog bleift nach genuch Zäit fir News, Snacks a (Fulle-)Facts. Op der Arrière-Scène am Pafendall ginn et zum Scheitern verurteilt Chrëschtkaddoen, de penibele Monni Gégé an d'Préizerdauler Gilmore Girls. Juppelt mat eis an d'Feierdeeg tëscht Trauma a Microaggressiounen, well an der schéinster Zäit vum Joer leie Virstellung a Realitéit oft wäit auseneen. Et gëtt iwwer d'Joer vun der Luucht geschwat, iwwer Intervallfasten fir Pinguinen a falsch Kolleege beim Pudderzocker.  Mir sinn dout vu bannen – dofir gëtt et och nach e Spill, bei deem dir doheem matroode kënnt! Merry Crisis!
12/24/202353 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

#118 Dee mam ES-Tea (a mam Tania)

Nodeems "the big C" 50% vun ärem Lieblingspodcast niddergerongen huet, ass um 3. Advent nees Zäit fir Luxusprobleemer an Interventiounen! Den Hoer-Bebe an de Wuerm vun "Dune" liwweren onbegrenzt Dommheet, Räps-Inkompetenz a bunnbriechend Froen. Tëscht Disney-Rassismus a Slayer op der Pride gëtt et delulu am "Plaza" an eng (temporär) nei Kategorie bréngt Aggressiounen un d'Dagesliicht.
12/17/20231 hour, 3 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#117 Dee mam Beréieren un der Monica

Sidd dir prett fir "Paus. 2 – Jetzt wird geheiratet!"? Um 1. Advent gëtt et ganz klassesch festlech: E problematesche Moderator, d'Mute-Challenge a brasilianesche Rap si mat virum Chrëschtbeemchen. Nieft engem futtisse Broschtkuerf, Mammen um Drag Bingo a 90's Techno geet et och ëm "Saltburn" mat den Olsen Twins, Prominenz an der Groussgaass a Gratispopcorn am Liewen. Et gëtt en plus en onmoralescht Angebot fir d'"Lotterie Nationale", de sketchy Knuedler a schmalzeg Sängerinnen. Stellt iech net esou!
12/3/20231 hour, 23 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

#116 De mam Flaggalaggadingdong

Haut ass dem Yannick seng Sendung! Ënnert dem Motto "en attendant Madonna" bidde mir Paroli a gehaben eis wohl. Et geet et ëm süß Leit, de "Club Med" an enger klenger Këscht a "We are Sven". Mir si mam Péckvillchen um Fliger a liwweren alles ënnert dem Rimm – vum Filmpräis bis zu rockende Brëscht. D' Viergestirn vun 1958 ass genee esou mat dobäi ewéi e gay feverdream (ouni Stëmmung) an italieenesch Prinzessinnen (mat Steng). Kebab a keng Mamm. Zerrissen, aber doch elegant. Wieso nicht?
11/19/20231 hour, 42 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

#115 Dee mat der Sisi-Schéisserei

Mir stellen eis haut (net) a Fro an zerwéiere kulinaresch Geheimtipps fir Leit mat ze vill Suen! Kommt mat an d'Gay Matrix an op eng Afterparty, déi anescht war, wéi erhofft. D'Marion vun der Croisière ass mat dobäi, genee esou ewéi en trauregen Abschied vun engem Kolleeg, simuléierend Hënn a schottesch Junkien. Et geet ausserdeem em ugepisste Payconiq-Leit (not sponsored), CSI Köln-Ehrenfeld an de Mojo Dojo Casa Justin. En plus fanboyen a kräische mir an der Kichen, well et ass nees Zäit fir e bëssen Eurovisioun!
11/5/20231 hour, 18 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

#114 Dee mam Nicool (A MAT DER VILLA VAUBAN)

Happy Mantelsonnden, Lëtzebuerg! Äre Geschwësterduo huet op dësem héije Feierdag eng relativ vulgär a streidereg Episod fir iech. Et geet virun allem em topeg Leit, déi een an de Wansinn dreiwen – ob am Musée oder bei de Walen. Mat dobäi sinn och e Boxemännchen an de Merlin an d'Vivianne. Et geet haut ëm e Concert zu New York um Flughafen, Backstage Vibes vum Nicool sengem Release a Sträit iwwert e Buttek. Wichteg Themen ewéi d'Christina Aguilera-Diagnos, den Adonis a säin iPad an eisen Zapfenstreich si natierlech o nach mat dobäi. Schönen Gruß, auf Wiederseh'n!
10/21/20231 hour, 5 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#113 Dee Mam Exorzismus Am Kinossall

Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Place(s) to be vum nächste Weekend a Geheimnisser vun der Staat Wien. D'Vir- a Nodeeler vum pittoresk-provënzielle Lëtzebuerg ginn analyséiert, Surfschoulen opgemaach a Mécken aus dem Béier gefëscht. Et gi vill Froe gestallt a souguer e puer dovu beäntwert: Wee verléisst d'Land, wann d'ADR gewielt gëtt? Ween ass de Feierstëppler vum lëtzebuergesche Rap?A wisou synchroniséiert den Howard Carpendale en Horrorfilm? Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
10/8/20231 hour, 35 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

#112 Dee mam Atelier sengen 2000er

Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et  geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!
10/1/202358 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#111 Dee mam velho Ronaldo MacDonaldu

RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f")​, well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat iech op Lourdes (oder an d'Cinemathéik) a mutéieren zum "Automag". Ass dëse Podcast den "Eck plus ultra"? Warscheinlech net. Mee ee vun eis ass den Al Bundy an deen aaneren ass "wäiss mat e bësse Spice". Who's that girl? It's "Paus.". Dofir kläre mir och Froen, déi änlech philosophesch si wéi d'"Hung oder Ee"-Debatt: Wéi ass et, am Téi ze trëppelen? Wou war de Noutausgang am "Wham"? A wien applaudéiert, wann een an der Dusch friemgeet? ech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
9/24/20231 hour, 17 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

#110 Dee Mam Milka - Schokoland

Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer! Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt. Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek. Wou kritt ee Flammkuchen mat Nieren? Wei éng nei Spuerkeess-Interna ginn et ze zielen? A wat der Däiwel ass e Beréng?
9/10/20231 hour, 20 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#109 Dee mat der Spuerkeesschallenge

Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg. Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd kafen a Verschwörungstheorien zum Walt Disney. Huet de Mark d'Apenhoenhoer erfonnt? Gehéiere Sardinnen op d'Pizza? A wat huet Lëtzebuerg zum Thema Seezeit-Lodge ze soen? All dat gëtt am groussen Vakanze-Special live vum Gehaansbierg aus dem Piemont gekläert. De gudden an de béise Kéis, Mëller aus Hollywood a Rechtschreiwungsstruggles vun de 90's Kids hunn et och mat an dës Folg gepackt, eben esou wéi d'Sandriné, d'Kunigunde an d'Tamandoline. Arrivederci amici! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.) Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
8/27/20231 hour, 13 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

#108 Dee mat den Äppel an der Seezeitlodge

Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A wat ass en "Dëppegay"? Maacht iech et bequeem mat falsche Lëtzebuerger Wierder, faszinéierenden Geo-Fakten a royaler Romantik!
8/14/20231 hour, 6 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#107 Dee mat de 4 Joer

Hi Barbie! Haut viru 4 Joer koum déi éischt Folg "Paus." eraus an dofir schwätzt äre favorite Philosophie-Duo an enger Spezialepisod iwwer alles anescht ewéi de Podcast: Backstorys, Tampons an den Zänn, kleng Schnittercher an der Villa Vauban a kee Bock méi op d'Christentum. De Götte, d'Annette Frier an d'Taylor Jenkins-Menkins sinn och mat dobäi. D'Spice Girls si verluer gaangen, genee esou ewéi dem Esmeralda seng Schellen. Mee dofir hunn d'Big CC aus der DJ Szeen an d'Spelling Bee Marie Clement hire groussen Optrëtt. Ass et Sendung mat engem schmalzege Ken a mat Laachen op den denkbar schlechtste Plazen? Gëtt et eng Frëndschaftsprouw an akustescher Form? Peut-être.
8/4/20231 hour, 21 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#106 Dee mam Anne-Marie Zemmer

Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen). Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie-Marketing-Team an dem Kaweechelchen Roger ginn et och nach stëbseg Macarons, e verhënnert Date mam Marteria an eng Aladin-Glitzer-Aura zu Wien.
7/23/202354 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#105 Dee mat de Lëtzebuerger Avengers

Surprise, surprise! Paakt den Didgeridoo aus a steiert – wann och en Dag ze spéit – mat ärem léifste fraefeindleche Podcast an eng Episod voller Concertsdrama, Miniatur-Hoerstylisten a provokant Leit mat Gitaren. Niewt Festival-Fantasien, Arctic Monkeys Lyrics an engem däregen Dossier aus dem Supermarché, hunn är Buh-Leit och nach d'Star-Performance vum nächsten ESC parat. An de Kategorien "random stuff to die from", "Nazis" an "Pride Month" ginn et genee esou Updates ewéi zu den Themen "And Just Like That", "ZLS" an "nei Marketingstrategien fir d'Barbie".
7/10/20231 hour, 20 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

#104 Dee mam Medusa

De Lord Voldemort, den Dieter from East Berlin an e Yorkshire Terrier setzen an der Stuff... Pünktlëch zum Pride Month geet äre Pick-Me-Girls hieren Dram an Erfëllung: si ginn opgedragt. Keen aneren ewéi d'Medusa Venom herself suergt fir d'Renaissance vu Paus.! Et gëtt net nëmmen gepäscht, gemoolt a gepuddert, mee o nach iwwer Furunkel, Spotify Verwirrungen a Pride-Preparatiounen geschwat. Natierlech geet et och ëm Drag Queen Favoriten, d'Amerika-Problematik a Geschlechtsidentitéiten. Superstars an der Entzugsklinik, dm-Empfehlungen an eng nei Ausrüstung sinn och mat um Start. Ganz nom Motto "Auge zu und durch" gehéieren yours truly no dëser Konfrontatiounstherapie offiziell zur glamouréiser Venom-Dynastie! Happy Pride! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
6/25/20231 hour, 28 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

#103 Dee mat der City Concorde

Sehen und gesehen werden oder awer Rapp a Klapp? An der Concorde gëtt et näischt, wat et net gëtt! D'Jill ass leider verhënnert, mee et ass fir kompetenten Ersatz gesuergt, deen zwar keng Anung huet, mee dofir awer de Yannick komplett an d'Verzweiwlung dreift: Live aus dem Lëtzebuerger Lifestyle-Center beobacht äre neie Power-Duo gutt coifféiert Leit, Dammen en parme, Yoga-Mammen a Best-Ager. Si hunn en Häerz fir Solden a beschäftege sech mat onhéifleche Männer a wäisse Boxen. De "je ne sais quoi" vun dëser "OG-Place" verféiert net nëmmen zu Bartrenger Gossip a Gespréicher iwwer Lieblingsbutteker, mee och zu méi serieuxen Themen ewéi der "Causa Lindemann". Tëscht Tigermécken am Kaftan a kriminelle Machenschaften an der Parfumerie kommen awer och d'Gentrifizéierung duerch Bowls, wichteg Bréidercherstipps an d'Mëtschen-Debatt zur Sprooch. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
6/13/20231 hour, 1 minute, 3 seconds
Episode Artwork

#102 Dee mam Kand… a mam Dribble d'Or… a mam Pride Month

Zur Feier des Tages gëtt et eng Folge, déi bal esou laang dauert, ewéi eng "Wetten Dass"-Episod. An et ass e ganz besonnesche Gaascht dobäi, dee sech selwer an de Podcast harceléiert huet. Är humble Queens këmmere sech em folgend Punkten vun der Queer Agenda: de Rainbow Center, Gay Hot Spots, Struggles vun heterosexuelle Männer, diskriminéierend Kleeder, d'Thomas Mann Pride an eng detailléiert Eurovisiouns-Analys. Wiem säin Handy e neit Liewen zu St. Denis ugefaangen huet, wisou een zu Manchester heiansdo vläicht "Nice shrimp!" héiert a wou de Run(a)way vu Lëtzebuerg ass – all dat gitt dir haut gewuer. D'Nonna Pina, de Goethe als Ballermann-Hit an utopesch Epiphanien sinn och mat vun der Partie, an et geet em Themen ewéi Ageism, Musik-Ikonen, Geminis an d'A-Sektioun. Och d'national Museksszeen, dat Bescht a Schlëmmst vum Schoulsport a lëtzebuergesch Trash-TV-Dreem ginn diskutéiert. Wee sinn "os gays"? Wee sinn eis Sugababes? A wee kéint d'Land bei der Eurovisioun vertrieden? Tëscht CSV an ESC ass awer och nach Zäit fir Fussball-Gossip an onangeneem Froen vum "Dribble d'Or" souwéi engem Jubiläums-Kaddo vun den "Happy Hippos". Happy Pride!
6/1/20232 hours, 33 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#101 Dee mam satanistesche Ritual an der Zoufftger Strooss (a mam Toni-Winner)

Op der haiteger Table Ronde sëtzen ënner anerem den Disney-Loïc, d'Frëndin Lizzy an e bauchdanzende Bräutigam an esouwuel déi schlëmmst ewéi och déi bescht Buschauffeuren. Är lieblings Texas Girls sinn mat engem bloen Aen dovukomm (zumindest zu 50%) a beschäftegen sech dës Kéier iwwerraschend vill mat Diskriminéierung am Sport. Et gëtt och e Paradigmenwechsel am Beräich vun der Aarbechtsmoral (net nëmmen bei tennisspiller.lu) an d'Iwwerdenken vun der Kréinung an England gefuerdert. Haut gi Schaben, Kakerlaken an drogendealend Psychoanalytiker beschwat, et geet em Chanel aus dem Zeemann an "Urban Legend"-Updates. Mat am Mix sinn och schwéier englesch Wierder, d'Opléisung vum "Chez Toni"-Gewënnspill an eng Girlband an der Maison Médicale. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.) Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
5/14/20231 hour, 33 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

#100 Dee Mat Der Nonna Cristina

Et ass déi 100. Episod… an déi muss gefeiert ginn: Bei der Schëfflenger Pizzeria-Legend "Chez Toni" gëtt et "Pizza, Pasta und Amore" fir äre Lieblingspodcast. Firwat flitt d'Jill bal aus dem Restaurant? Ass de Yannick deemnächst d'nei Damm vum Haus? A wéi oft kann ee "scusi" an enger Folg soen? Schmiert iech eng Bruschätta, huelt d'Paschtaschutta oder d'Gnotschi eraus a maacht iech en Expresso – well mir gi nach laang net heem! Tëscht Pilgerfahrten bei de Jeannot, Meet and Greets mat der legendärer Nonna an dem Pitchen vu neie Geschäftsiddien gëtt d'Frëndschaft emol nees op d'Prouf gestallt – onangeneem Kaddoen a verlugenen Drama am "Atelier" inklusive. Maacht iech prett fir Pizza mat schéine Männer, eng Mailand-Analys an d'Oprah, wat Cappelletti ausdeelt. Déi längst italieenesch-lëtzebuergesch Debatt vun allen Zäiten gëtt gekläert an et erwaart iech e "Gossip-Schäiss", fir deen eventuell e Geriichtsprozess an d'Haus steet. Che Confusione!
4/30/20231 hour, 18 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

#99 Dee mam Stalking um Lampertsbierg

Et ass eriwwer mat der Vakanz! Paakt de Selbstbräuner aus a maacht iech prett fir besonnesch vill Shoutouts, Froen an d'donkel Säit vun TikTok. Weieng Stars just Aen fir eis haten, wat mir maachen, wann de Pedro Pascal bei der Uebstthéik am Cactus waart an weie Rapper eis perséinlech enttäuscht huet – all dat gëtt et just haut bei äre léifsten Egozentriker*innen. D' Quoten-Gays stinn op der Wallëscht an et gëtt Ouschterzodi fir Erwuessener, d'2000er kréien hiren Zauber ewechgeholl a mir streeën eng Grëtz Italo-Hits mat an de Mix. D'Leia, d'Pink Ladies an d'Celeste si lass, an d'Doris an d'Karin leien am Keller. Tëscht Make-Up-Verblendung an engem belämmerten Dalai geet et erstaunlech analytesch em d'Barbie an em Verschwörungstheorien zu musikaleschen Hometown-Heroes.
4/16/20231 hour, 18 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#98 Dee mam EchEchEch

"Firwat si mir sou domm?" – déi Fro kann ee sech haut ganz dacks stellen: Et gëtt Chaos, Verwirrung an Anungslosegkeet tëscht Parteien, Pappen an Age-Shaming. D'Lizzo, d'Liza an d'Lana si mat dobäi an awer och dem Judy Garland säi gréisste Rockhit. An enger Episod mat Häerz, Blutt an dem séisse Glitzerbuch vun der Wourecht geet et ëm den 1. Abrëll an de 6. No Angel. Sidd dir prett fir de vläicht längsten an delicatesten däregen Dossier, presentéiert vun absoluter Inkompetenz? Äre paradoxe Politpodcast këmmert sech em eng schrecklech Persoun, déi viru Geriicht steet, zwee schéi Mënschen, déi knuutschen, an dem John Ritter sengem Bouf seng Fra. Mir halen K-Pop auserneen, beschwätzen ofgeleenten Invitatiounen an de Yannick bowlt Kanner ewech.
4/2/20231 hour, 27 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#97 Dee mam grousse Backstreet Boys-Sträit

It's award season! Mir sinn Oscar... an um highway to the judgement zone: Haut ginn et schounungslos Analysen vu Bezéihungsmuster um Influencerinne-Beispill, e wëssenschaftlechen Kardashian-Bieber-Exkurs an e groundbreaking Hochzäitsknigge. Maacht iech prett fir eng besonnesch rau Episod (zumindest stëmmlech) mat enger Buergermëeschtësch, déi vläicht geschwënn enttrount gëtt a kriminellem Tubakhandel hannert der Grenz. Ee vun eis verteidegt granzeg al Männer an deen aneren huet e grousse Wonsch (Mell dech, Vicky Krieps!!). Mir rullen de rouden Teppech aus fir passiv-aggressiv "Pick Me Girls", gestressten Awards an eis Mammen. Tëscht engem onrouege Publikum a bewaffnete Kanner bei "Hooters" stelle mir oscarräif Froen ewéi: Ass de "Gotham" de perfekte Gay Club? Ass Diddeleng amfong Frankräich? A geet Krich wierklech ëmmer?
3/19/20231 hour, 15 minutes, 5 seconds
Episode Artwork

#96 Dee mam Masseur

Eng Folge direkt vun der Brëtsch: Mir mellen eis vun der entspaantster Plaz op der Welt – Zolwer. Hei gëtt net gekëddelt, mee an de Nirvana gedréckt, well "De Masseur" a seng Clique fonnt hunn, dass mir ze gestresst sinn. Tëscht fettegen Hoer an Thonsbréidercher ginn et genial Geschäftsiddien, Changementer vum Numm (Stéchwuert "Maanos" – oder awer "Manooze") an alles ausser Coiffeursgespréicher. Ob waarmen Ueleg, bitzend Bomen oder Clubvibes ouni Hoer… hei gëtt et nees alles, wat wichteg ass – haut an der extra onkonzentréierter Versioun. Sidd dobäi bei "Die Leiden des jungen Yannick" an "Die Geissens – Das Musical", Konschtproffen mat der Gittar am Ouer an enger gudder Portioun Hënnermassagen. Et gëtt Tango um Réck gedanzt an d'Meghan an den Harry sinn zu Diddeleng ënnerwee. D'Generatioun Sitcom presentéiert iech Zocker am Ouerläppchen a Neies aus "Sabines Tantrastübchen". Ommmmm! Als Nolauschter*innen vu Paus. kritt dir bis den 31.07.2023 10% op ärem nächste Besuch beim Masseur. Méi Informatiounen fannt dir op eiser Instagram-Säit an an dësem Episod. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar.
3/5/202358 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

#95 Dee mam Uelzechtkanal

Have your heard(ed)? De beschte Fernsehsender aus dem Land war op Besuch an huet ärem Lieblingspodcast iwwer d'Schëller gekuckt! D'Venus an d'Serena vum Uelzechtkanal suergen fir Entertainment an Intellekt, d'Tagesschau-Prinzessin an de neie Besëtzer vun Dubai schwätzen iwwer Lëtzebuerger Leitkultur. Sécher keng Dëppefest Vibes, mee dofir sinn awer affrontéiert Banken, Nippelgate an d'Podcast-Pensioun en Thema.
2/19/202346 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#94 Dee mam Vältesdag

Um Dag vun der Léift gëtt et eng Iwwerraschungsdosis Podcastléift (inklusive neier Coverfoto) mat enger Liebeserklärung un d'Britney, Drag-Doppelgänger an engem Hochzäitslidd vum Tony Parker. An der grousser Amnesie-Episod räisse mir no an no d'Weltherrschaft un eis, ginn iech e Best Of Lovesongs an Drama an der Kanalstrooss. D'Susi vun "Herzblatt" zerwéiert iech Häerzklappen mat engem Soupçon Malaria, RomComs iwwer Crème, Männer, déi Raten iessen a Crushes am Keller. D'Olga Durée, de Foto-Ninja héchstperséinlech an deen een oder aneren Touch Heroin sinn och mat vun der Partie. Paus is in the air! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.) Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
2/14/20231 hour, 16 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#93 Dee mat der Hex beim Gassigoen

Dank technesche Probleemer bal eng Woch méi spéit... mee trotzdeem gëtt et nees Spaass fir d'ganz Famill, léif GenossInnen. Mat der schéinster Heterostëmm geet et haut em Chipsen un der Léngt, d'Currywurst 90210 a vegane VIP-Feeling zu Berlin. Eventuell ass och den Här Mendes zeréck a mir hu Filmer ouni Gebrauchsanweisung dobäi. Niewt neien Dubai-Skandaler a (geplatztenen) Sponsordreem spille mir "Loup Garou" mat de Real Housewives an et geet onverhältnesméisseg vill em Capes. Excuse our wokeness!
2/3/20231 hour, 15 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

#92 Dee mat de Silvester-Nazien

Ënnert dem Motto "zimmlech sexistesch mee cool" gëtt et haut eng XXL-Episod mat maximaler Triggerwarnung. Et kann ee vill falsch maachen – virun allem als Mann. Mir entféieren iech an d'Roud Millen, analyséieren d'Golden Globes a froen eis, wéi e richtege Christian ausgesäit. Passt op, wat dir manifestéiert, wëll soss mutéiert Lëtzebuerg op eemol zur Buenos Aires. Wéi ass den Dresscode an der Duerfdisco? Dierf een säi Geliebten käppen, wann een erausfënnt, dass en eng Fra a Kanner huet? Ass Skinhead en Draamjob? A wat eigentlech ass en Aldringen? Är personifizéiert Red Flags klären op (oder och net) a schécken iech e Bonjour aus Ironistan.
1/14/20231 hour, 16 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

#91 Dee mam 2022-ABC

2022 geet op en Enn… mee don't worry, darlings: Bei eis kritt dir e Réckbléck vun allem, wat wichteg ass. Mat dobäi ass d'Famill de Sousa, de Flocke mam Moët, eng TikTok-Curatrice an eng guest appearance vum ale Yannick. Mir streeë Salz iwwer dëst Joer an hunn d'Virsätz, mat méi Blummeprints an d'neit Joer ze starten an d'Krichsproblematik ze léisen. Äre Liblings-Duo zielt iech, wéi d'Stären 2023 stinn (Spoiler: gutt fir jiddereen ausser de Kriibs) a liwwert endlech och d'ominéis Plumartsgeschicht. Hei ginn et keng Manéieren, mee dofir vill Gestreids – also genee dat, wat dir no de Chrëschtdeeg braucht. Plus: Alternativen zu "Emily in Paris", Yutz, de Lewis Capaldi, Medikamenter an e Plagiats-Drama. ++ Dës Episod gouf virum Andrew Tate-Gate an dem Doud vum Pele, vum Vivienne Westwood, vum Barbara Walters a vum Ratze opgeholl. ++
12/31/20221 hour, 33 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#90 Dee mam Promifeeling am Spidol

Merry Crisis! Wann dir es haut scho genuch hutt mat der Feierdagsbesinnlëchkeet, sidd dir hei genee richteg. An ärem Lieblingspodcast ginn et ausserierdesch Pappen, eng rëffeg-schéin Libesgeschicht a Fremdscham als Persoun. D'Top-Themen um 25. Dezember sinn Kannibalismus, d'lëtzebuergescht Meghan Markle an dem Jesus seng Affär mam Da Vinci. Bei eis ass qualitativ Berichterstattung garantéiert ewéi Schnéi am Qatar. Sidd dir prett fir Frühstücksraclette? Sollt Dikrech sech schummen? An ass de Jesus wierklech deen eenzegen, deen eis nach all rette kann? Dat si froen, déi dir iech all emol selwer stelle sollt.
12/25/202250 minutes
Episode Artwork

Dier 24

Dier 24 by Jill & Yannick
12/24/202247 seconds
Episode Artwork

Dier 23

Dier 23 by Jill & Yannick
12/23/20227 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

Dier 22

Dier 22 by Jill & Yannick
12/21/20226 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Dier 21

Dier 21 by Jill & Yannick
12/21/20227 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

Dier 20

Dier 20 by Jill & Yannick
12/20/20224 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

Dier 19

Dier 19 by Jill & Yannick
12/19/20226 minutes, 57 seconds
Episode Artwork

Dier 18

Dier 18 by Jill & Yannick
12/18/20227 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

Dier 17

Dier 17 by Jill & Yannick
12/17/20227 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Dier 16

Dier 16 by Jill & Yannick
12/16/20227 minutes, 15 seconds
Episode Artwork

Dier 15

Dier 15 by Jill & Yannick
12/15/202214 minutes, 1 second
Episode Artwork

Dier 14

Dier 14 by Jill & Yannick
12/14/20224 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

Dier 13

Dier 13 by Jill & Yannick
12/13/20224 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Dier 12

Dier 12 by Jill & Yannick
12/12/20225 minutes, 22 seconds
Episode Artwork

#89 Dee mat de Postkaart Awards

Ass Chrëschtdag oder wat? Tëscht wäissem Lotus a schwaarzen Dahlien läit d'Kim K. schonn am Bliederdeeg an d'problematescht Jennifer Aniston huet eis verlooss (RIP). Ee vun eis versteet d'Konzept Advent zwar nach ëmmer net, mee Christmas is a state of mind! Nieft onmanéierleche pseudo-Luxusmënschen a Leit aus Delaware gëtt et ganz vill Fergie an e Bericht vun enger Awardshow ënnert dem Motto "Da maach näischt!".
12/11/20221 hour, 7 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

Dier 11

Dier 11 by Jill & Yannick
12/11/202210 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

Dier 10

Dier 10 by Jill & Yannick
12/10/20228 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Dier 9

Dier 9 by Jill & Yannick
12/9/202211 minutes, 59 seconds
Episode Artwork

Dier 8

Dier 8 by Jill & Yannick
12/8/202212 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

Dier 7

Dier 7 by Jill & Yannick
12/7/20228 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

Dier 6

Dier 6 by Jill & Yannick
12/6/20225 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Dier 5

Dier 5 by Jill & Yannick
12/5/202211 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Dier 4

Dier 4 by Jill & Yannick
12/4/20223 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

Dier 3

Dier 3 by Jill & Yannick
12/4/202212 minutes, 21 seconds
Episode Artwork

Dier 2

Dier 2 by Jill & Yannick
12/2/20226 minutes, 11 seconds
Episode Artwork

Dier 1

Dier 1 by Jill & Yannick
12/1/20226 minutes, 1 second
Episode Artwork

#88 Dee mat der Insel der Seligen

Haut ass alles, well et ass den 1. Advent! Ob de Marc aus dem Parc, Neies vun de Nepo-Babies, Pirañas am Pool oder Wäin vum Wedding-Planer – den Alliteratiounsadventskranz brennt. Mir si mam Fanger am An am Restaurant a produzéiere Parfum zu Capri, niewebäi gëtt sech trotzdeem nach mat der Coca-Cola-Verschwörung a mam Meat Loaf befaasst. Mat dobäi sinn och e Chimie-Grondkuer, diskriminéierende Marketing, déi coolst Persoun vun der Welt an de franséischen Alexander Marcus.
11/27/202253 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#87 Dee mat den Hunger Games zu Rëmeleng

Hei gi Konscht a Kultur groussgeschriwwen! Am Numm vun Esch 2022, dem Lëtzebuerger Land an der ganzer Welt gëtt et eng Iwwerraschungsepisod mat enger Analyse vum Bildungssystem, Promi-Obsessiounen an der Keelt an Tove Lo à gogo. Detektiver zu Tréier, British Horror Stories a gekidnappten Italiener... méi international gëtt et net méi. An der Pipeline sinn och nach Psychopaten, Performance Art mam Louis de Funès an eng Ministesch am Primark. #Spektrum #Esch2022 www.spektrum.lu Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
11/16/20221 hour, 28 minutes, 31 seconds
Episode Artwork

#86 Dee mat der allgemeinen Verkehrskontrolle

Started from the here, now we're bottom... klammt eran an den Taxi Richtung Banlieue a freet iech op super gay Entertainment, emotional Abschider a Gegoogels vum Tageblatt. Mir hu kriminell Energie (an dräi Länner) an Eyes Wide Shut op Wish bestallt. Mat am Auto ass massakréierte Wäin, de Nosferatu of Pop an de Social Media Ikarus. Sinn amfong all wäiss Leit Gingers? Wat ass "Wrosé"? Aus wéi enger Sitcom kenne mir déi eng Fra aus der neier Serie? A wat ass den Tatta Dillendapp Komplex? Och haut ginn et nees méi Froen ewéi Äntwerten – plus deiere Sushi an onmanéierlech Leit. Tschüsseldorf! Exklusiv fir eis Nolauschter*innen: Kaaft elo op www.cremant.lu an a séchert iech bis op Weideres mam Code "PAUS" 10% op ärem Online-Akaf bei Schumacher-Knepper! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
11/13/202257 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#85 Dee mat der Corona-Onzourechnungsfäegkeet

Dee mat der Corona-Onzourechnungsfäegkeet Eng distanzéiert Episod OUNI Schampes an Jingles? Haut ass alles anescht: Deem enge vun eis ass souguer Räis mat Botter ze schaarf, deen aneren prost mam non-binäre Sake. (Disco-)Féiwer, philosophesch Froen mam Hannah Montana a Leit, déi musse blockéiert ginn... et gëtt e Riese-Bohei fir eis Hard People Fans gemaach! Zum Ofschloss vum spooky Oktober ginn et Mysteries of Route d'Arlon, Nepo-Babies, sexy Babies, Models mat Drauwen, kontrovers Sitcom-Meenungen, Word-Albdreem an hawaiianesch Wierder. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
11/1/202258 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

#84 Dee mat der MDMA-Therapie

Haut gëtt et eng kleng Iwwerraschungsepisod: We say a little prayer a probéieren eng 4. Kéier, fir iech mat Mënscheverstand an der Mendes-Affaire 2.0 duerch de Sonnden ze guidéieren! E bësse "Sophies Welt", en Touch "Belle Epoque" an en Hauch TMI vum ORL. Et gëtt mam ZLS um Buchstaw geridden an zu Miersch gedanzt, e Knigge zum Frühstück giess an iwwer Smacks debattéiert. Opgepasst: Et gëtt onverhältnesméisseg vill iwwer Koschteren geschwat. Mat beim Kaffiskränzchen sëtzen och de Malle Gars, de Jean-Baptiste an eng Laitue. Avis aux amateurs!
10/23/202246 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#83 Dee mat der Mental Health Week

World Mental Health DAY? Net mat eis! Mir expandéieren d'Konzept a maachen eng Woch fir iech draus... Blondinnen, Place to be Bambësch an de Bon Iver um Ballermann – nom Motto "It's not you, it's them" coacht de perséinleche Problempodcast iech mat enger extra héijer Alliteratiounsquote duerch dës ongemittlech Zäiten. D' Dream Sugar Pop Kardashian, pornösen Top Gun an e Glas Negroni (Spagliato) sinn och mat an der Self Care Bubble. Kräischattacken am Kino, lëtzebuergesch Sekten an de jüddesche Glee-Club mat engem Touch Foo Fighters sinn d'perfekt Rezept fir den Hierscht ze iwwerliewen! Exklusiv fir eis Nolauschter*innen: Kaaft elo op www.cremant.lu an a séchert iech bis op Weideres mam Code "PAUS" 10% op ärem Online-Akaf bei Schumacher-Knepper! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
10/16/20221 hour, 6 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#82 Dee mat der Ukënnegung

Haut gëtt et "deepgrënneg", wëll de Feierkrop ënnert de Podcasts nees ënnerwee ass, fir psychologeschen a gastronomesche Verschwierungstheorien op de Fong ze goen. Op der Flucht virun der Schampespolice befaasse mir eis mat den Destiny's Child vun der Musel, mat Saumons Paschtéitercher a mat de Mean Girls aus der Chamber. Ween nach keen Hierschtblues huet, kritt en hei gratis: Traumatesches vum Schouldokter, blond Gummibooter an anonym Norichten vum Laura Müller suerge fir d'néideg Weltënnergangsstëmmung! Feliz Navidad a villmools Merci! Exklusiv fir eis Nolauschter*innen: Kaaft elo op www.cremant.lu an a séchert iech bis op Weideres mam Code "PAUS" 10% op ärem Online-Akaf bei Schumacher-Knepper! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
10/2/20221 hour, 15 minutes, 1 second
Episode Artwork

#81 Dee mam Fiederwäissen ab halwer 10

De Summer ass eriwwer an är Disneyprinzessinnen sinn erëm am Jumm! Mat Verkéier bis zum Verloscht vum Liewenswëllen, enger Meerjungfrau bei der Darts-WM an engem offiziellen Hochzäitslidder-Verbuet crashe mir der Queen hiert Begriefnis a schwätzen iwwer Aszendenten. Dir wëllt wëssen, géint wien de Yannick d'Jill ab nächster Kéier antauscht a wisou en Escape-Room en Trennungsgrond ka sinn? Da sidd dir hei natierlech richteg. Mat dobäi ass och white people music, déi nei Indie-Band "Gottseidank Péiteng" an d'Thønthia. Fir iech de Start an déi nei Joreszäit ze erliichteren, gëtt et Miseler Vibes am Minett an Hëllef bei Schampes-Noutfäll. Exklusiv fir eis Nolauschter*innen: Kaaft elo op www.cremant.lu an a séchert iech bis op Weideres mam Code "PAUS" 10% op ärem Online-Akaf bei Schumacher-Knepper! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
9/18/20221 hour, 14 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#80 Dee (bal) mat der Fouer

Är wilde Mäuse kommen haut mat enger gudder kaler Cola Light (oder Zerrro?!) em den Eck gejauft a behandelen delikat Themen ewéi Age-Shaming beim Leo an Tattooshaming zu Lëtzebuerg. Op der Polemik-Schëffschaukel gi Bicher rezenséiert, Ierfschaften a Steierproblemer beschwat a franséisch Rap-Karriären geplangt. Genial Geschäftsiddien, e bësse Gebuertsdag an eng Grëtz Woodstock stinn och um Sonndes-Menü. De Sam Smith ass am King Wilma, de Jean-Claude Juncker war net um RTL a wou ass iwwerhaapt d'Gasolina, wann een et brauch?
9/4/20221 hour, 17 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

#79 Dei mam Schlëssel am Gesiicht

Die große Italien-Spezial-Folge
9/3/202211 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#78 Dee mam Claire Luxlait

Mir sinn haut am Puddingdeel vun der Aachtchen ënnerwee... Frësch aus dem Killrayon ginn et bodenlose Boomer-Beef, eng vill ze spéit Entschëllegung an e gudde Riecher fir Reality-Shows. On top hu mir 100% lokal Molkerei-Mythen, because it's gonna be a Luxlait summer! Ier de Yannick zum Jesus gëtt (wahlweis och zum Rihanna oder Joy Hoffmann) an d'Jill sech dem psychedelesche Surfrock widmet, test sech ären Endokrinologie-Podcast mat ASMR-Potenzial duerch d'Glace-Sortiment vun der nationaler Lieblings-Laiterie. Ass dat hei investigative Journalismus? Jein. Trotzdeem gi Secret Stories thematiséiert, déi mindestens esou juicy sinn ewéi d'Luxlait-Sorbeten: - Wisou heescht de Botter "Rose"? - Ass Mokka Café? - Sponsert Luxlait de Kleeschen? - Wéie Familljemember ass eng Fussballlegend? - A wéi géing d'Paus-Glace ausgesinn? Hei ass keng Plaz fir Kummerspeck, mee just fir dramatesch Kanner a fragwürdeg Summerrezepter. Kéis closed. #Luxlait #Luxlaitdairy #madeinLuxembourg #justiceforPistache Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
8/20/20221 hour, 15 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#77 Dee mam "Liberté, Egalité, Beyoncé"

Let's hit the club... oder den E-Lake. An der grousser Steißbein-Spezialfolge ginn et depriméierend Promi-News an Erweckungserlierfnisser zu London... Oh well! Et gëtt och nees ganz musikalesch mam Toni Braxton vun de Security-Leit, dem Patti LaBelle vun de Rollschung an dem Grace Jones. Mir sinn nach méi hopelessly devoted to ZLS ewéi soss an expandéieren äre Vocabulaire. Et gëtt och nees gewinnt schounungslos investigéiert: Fannt dir Lëtzebuerg cool? Ass Banannebrout nach aktuell? A wat ass de gréisste Scam in Scam History? Gratis dobäi ginn et och nach "Subway"-Mysterien, kickboxend Eenzeller an en Touch Drogen. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
8/15/20221 hour, 25 minutes, 44 seconds
Episode Artwork

#76 Dee mam Ballermann-Fame

"Äddi, Salut an Ciao... mir fueren op de Stau." Net mat eis! Jidderee mëscht Paus – ausser mir (oh, the irony). Genéisst déi läscht Podcastfolgen, ier sech eis nei Alter Egos mam Atze Schröder an d'Oofgrënn vum Megapark verabschiden. Virdrun gi net nëmmen mir alles fir iech, mee och de René, d'Sophie Passiv-Aggressiv an d'Sheila an de Pol/Kevin. An eisem Club Med gëtt an der Dusch gekrasch, mam Gondoliere geflunn an a verschiddene Joerzéngter gemordt. Fir déi passend Stëmmung suerge creepy Lidder, Hollänner an d'Destiny's Child aus der Schlagerbranche. Den Tüpfelchen um i vun der Summer-Experience sinn RTL a Glitzer-Gifs, och eng gutt Portioun lénksliberal Wokeness dierf net feelen. Perfect, perfect, perfect! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
7/30/20221 hour, 19 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#75 Dee mat oder ouni Pride

Willkommen, bienvenue, welcome! Ass et nach Pech oder scho Brujeria? Haut gëtt et e Pride-Special, deen anescht ass, ewéi geduecht. Et gëtt fléissend Spuenesch, "dei Aal vun haut", Drag Queen Witzer an d'Rocky Horror Hippo Show. D'queer vibes sinn dës Kéier esou staark, dass d'Jill Popstar-Wife gëtt an de Yannick ni méi heem wëll. De Podcast géint de niddrege Bluttdrock bréngt iech #justiceforWill, onhéiflech Fosien a Kanner, déi einfach emol mussen de Fanger gewise kréien.
7/17/20221 hour, 27 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#74 Dee mam gringe Koks

E schéine Bonjour vun der Calabasas Këppchen! Är anonym Influencer ASBL ass haut prett fir gegrillte Barbien, bottomless Mimosas an eng Kippchen am Fliger. Um heißen Stuhl ginn et dës Kéier viral Däitscher, d'Waffen-SS an d'Stacie Orrico. Mir si prett fir Konschtperformances vum Peppa Pig an hunn erstaunlech vill Sonnebrëller am Gepäck. Scheitert mat eis um Transport Public a strike a pose fir en hot summer, well mir si mam Opel Vecna ënnerwee a Richtung 2006. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
6/21/20221 hour, 17 minutes, 1 second
Episode Artwork

#73 Dee mam Dora the Plagiat-Explorer

Paroles, paroles, paroles... Haut gëtt extra vill geschwat – a mir hunn eis nach kuerzgefaasst. D'Totschlagargument ënnert de Podcasts huet fir iech KENG "Stranger Things"-Spoiler, dofir awer e Sproochfeeler, Copy/Paste zu Stroossen an e bësse Breitmann. An dëser Episod schléisse sëch ganz vill Kreesser an de Claude François ass och dobäi. Op der Dagesuednung stinn ënner anerem d'zweet Fréijoer vun engem Fussballstar, gesuckte Royals a "Law and Order – Jill's Case". Wéini kënnt d'Assistante Sociale bei d'Kardashians? Ween ass d'Candy from Texas? A wat mëscht den George Glass am Disneyland? Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner [email protected] erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
6/5/20221 hour, 21 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

#72 Dee mam Trixie op der gayest place in the world

Frësch aus dem Hotelszëmmer kritt dir haut e mini "Paus. on tour" mat engem opreegende Meet & Greet. Maacht iech waarm fir eng Ronn Dirty Dancing mam Harry an Gendergaga mam Gisela. Sidd dir prett fir de Sardellen-DJ, de BWLer Yannick an eng Liebeserklärung un d'belsch Haaptstad? Mir hunn niewt sproochlechen hate crimes och d'Kiwi, d'Toni an de Rüdiger mat dobäi. Ass Diddeleng eigentlech Transsilvanien? Gëtt et eng Drag Queen, déi "Soko Köln" heescht? Ass Paus. a Wierklechkeet "Prodigy"? A wien ass eigentlech d'Claudia? Froen iwwer Froen – beäntwert mat enger Extraportioun Glitzer a Parrécken. Plus: d' Gänseféiserchersverwirrungen an de grousse Yann Tiersen-Mystery.
5/24/20221 hour, 12 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#71 Dee mam lëtzebuergesche Coachella

Haut gëtt eng ganz speziell Episod – frësch zerwéiert vun der éischter Ausgab vum Messtival! Sidd (quasi) live dobäi, wéi är léifsten Woo Girls op der Bün braddelen an d'Gäscht irritéieren, déi einfach a Rou en Thüringer iesse wollten. Ass Reckeng op der Mess d'Mailand vu Lëtzebuerg? Gëtt et an Zukunft e neit nervegt Instrument an eisem Podcast? A komme mir eisem Rap-Dram vläicht e Stéck méi no? Natierlech gëtt et besonnesch musikalesch mam Carlo um Coachella, dem Alain um Rock am Ring an dem Schlagerfest der Volksmusik. Sëtzt iech bei eis op d'Couche a genéisst hot tea vun der Bün an vun hannendrun: Yoga-Elteren, Kardashian-Geständnisser, plakeg Leit am Backstage an e groussen Announcement vum Festival-Boss Maz himself.
5/8/20221 hour, 4 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#70 Dee mam Klappen zu Capri

Haut gëtt et eng Episod voller Froen: Wat ass de Code de la Posch? Wat maache Punks beim Louis Vuitton? A firwat ass de Yannick en Hond? Mir zerwéieren iech d'Macht der Magie, Baccarat Rouge fir d'Vollek a Mormonen. Dotëscht nach e bësse Rapp a Klapp viru Geriicht, de Sales-Lentz, deen Teenie-Dreem ruinéiert, elle Männer a Speck am Internet.
4/30/20221 hour, 12 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#69 Dee mam chrëschtleche Féiwerdram

Um Ouschtersonndeg ersti mir fir iech op a brénge Coachella-Vibes, Bärlauch-Petzien a skandinavesch Verwirrungen. Mir hunn den Ende, de Ronni an d'Kitty fir iech verstoppt a schenken iech Visa-Probleemer, e Fussballerdrama an en TikTok-Trend aus den 2000er. Mat am Ouschternascht sinn haut och medial Kontroversen an natierlech de Jesus himself.
4/16/20221 hour, 17 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

#68 Dee mam Flipper

Um Bretzelsonnden schéngt d'Sonn an d'gëlle Klacken lauden... Leent iech zeréck a genéisst "The Sound of David", "Jenny and Marc in Love" an "The Thing about Bridget Jones". Mir liwweren iech e gudde Grond fir op Lamadeleine, reesen zeréck an der Zäit a philosophéieren iwwer Bao-Buns. Och d'Minions, d'Medizinnerkartell an Moudecomebacks aus der Hell si mat dobäi. Dir wëllt är Arachnophobia e bëssen triggeren oder d'Bretzel-Gesetzeslag kenneléieren? Da sidd dir hei richteg.
3/27/20221 hour, 2 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

#67 Dee mat den Ankahdjahmz

++ Trotz den aktuellen Ereegnisser hu mir eis dozou decidéiert, weiderhin Episoden opzehuelen, well fir eis Oflenkung eng gutt Aart a Weis ass, mat deem ëmzegoen, wat grad alles an der Welt geschitt. Falls iech also net no dommem Gebraddels ass, ignoréiert eis einfach.++ Gréissewahnsinneg Männer ruinéieren d'Welt an alles geet d'Baach an. Nieft Gedanken zur aktueller Situatioun am Zesummenhang mat Social Media widmen sech d'Trommelginette an d'Marketingopfer Nummer Eent och méi liichten Themen: ënner anerem geet et em e wichtegt Jubiläum, Drama zu Munneref an linguistesch Filmprobleemer. Wéi funky ass et am "Bram" um éischte Stack? Wéi wéineg Anung muss een hunn, fir beim Frühstücksfernsehen dierfen ze schaffen? A wat ass eigentlech "Mauerbauertraurigkeit"?
3/6/20221 hour, 10 minutes, 38 seconds
Episode Artwork

#66 Dee mat de groe Wolleken um Lëtzebuerger Podcasthimmel

Wake me up before you gay gay! Är Neandertaler mat Mikro si koffeinéiert and ready to investigate. D'Däumeline, de Lippi, e puer personal favorites an dem Vicky Krieps seng Schwëster sinn haut mat am Boot. Mir raumen mat de wëllste Gerüchter op: Wunnt de Yannick eigentlech zu Versailles? Gëtt et Drama am nationale Podcast-Game? A grënnt Paus. vläicht deemnächst seng eege Werbeagence? Huelt d'Ringlight eraus a maacht iech prett fir eng phallus-lasteg Episod mat deem eng oder anere psychoanalytesche Chantier!
2/12/20221 hour, 3 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

#65 Dee mam Tutu op der Q8

New Year, New Paus: D'Enfant Terrible aus der Lëtzebuerger Podcastszeen ass nees do an huet e Makeover am Gepäck! Mat dobäi hu mir eng Panoplie vu wichtege Leit – ënner anerem den Heinz, de Max Concorde, d'Heidi a seng Boys, d'Fabienne, dee mam Brëll, den Dino an de Mr. Curtain Bangs. Maacht iech prett fir Logo-Mobbing, Bartreng-Mysteries a genetesche Corona. D'wichteg Froen vun der Woch sinn ënner anerem: Weie Mann bréngt de Yannick zum Kräischen? Wéi géing "Paus -The Movie" ausgesinn? An huet eis Generatioun herno Doudesannoncen-Selfies?
1/31/20221 hour, 8 minutes, 36 seconds
Episode Artwork

#64 Dee mam Joresréckbléck 2021

D'Joer ass gelaf, Omicron huet d'Welt am Greff an d'Influencer si nach ëmmer zu Dubai. De Luke ass nees do, d'Emily nervt zu Paräis an de Yannick ass de Peter Kloeppel. Et huet kee behaapt, et géing schéi ginn! Mir liwweren iech e Potpourri of "tone deaf" an e puer perséinlech Favoritten. En plus ginn et Netflix-Tipps fir Silvester an Neijoerschdag en extra Best Of als Kiischt um Kuch vum Wansinn, deen d'Joer 2021 war. De Schluss ass och nach emol extra a schlechter Tounqualitéit opgeholl. Bleift doheem a passt op iech op – mir gesinn eis 2022!
12/31/20211 hour, 5 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Dier 24

Dier 24 by Jill & Yannick
12/30/20219 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

Dier 23

Dier 23 by Jill & Yannick
12/23/20219 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

Dier 22

Dier 22 by Jill & Yannick
12/22/20216 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Dier 21

Dier 21 by Jill & Yannick
12/21/20214 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Dier 20

Dier 20 by Jill & Yannick
12/20/20215 minutes
Episode Artwork

Dee mam 4. Advent

Spinneminneminne a schnipp schnapp: Hei ass déi läscht Käerz um Paus.-Adventskranzkalennerkuch! Méi besënnlech ass bal net méi méiglech, well den Timm Thaler an den zertifiéierte Wuertwitzexpert dreiwen hiert festlecht Onwiesen: Et gi Pëllen ausgedeelt a Fraen beim Fënsterbotzen aggresséiert. Ginn et bei de Judden Memberskaarten? Wäert d'Joffer Jill jeemools eng Entschëllegung kréien? Eis véiert Adventsgäscht loossen als Trickbetrüger aus der nationaler Podcastszeen zwar vill Froen oppen, mee beäntweren awer soss alles, wat iech nach ënnert de Feierdeegsneel brennt.
12/19/202128 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

Dier 18

Dier 18 by Jill & Yannick
12/17/20214 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

Dier 17

Dier 17 by Jill & Yannick
12/17/20211 minute, 44 seconds
Episode Artwork

Dier 16

Dier 16 by Jill & Yannick
12/16/20216 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

Dier 15

Dier 15 by Jill & Yannick
12/15/20217 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

Dier 14

Dier 14 by Jill & Yannick
12/13/20214 minutes, 12 seconds
Episode Artwork

Dier 13

Dier 13 by Jill & Yannick
12/13/20211 minute, 27 seconds
Episode Artwork

Dee mam drëtten Advent

Fir den drëtten Advent gëtt et (méi oder manner) musikalesch bei Paus. Dës Kéier wënsche mir eis e weibleche Mr. Sheffield, de Yannick erfëllt sech säin Turner-Dram an ee vun eis huet aktuell Laachverbuet. Mat dobäi sinn och Prinzessinnen, Kinniginnen an Geschichten aus der Urgence. ++ Spoilerwarnung: Wann dir näischt zu "And Just Like That" wëllt gewuer ginn, iwwersprangt d'Minutten 12:39 bis 27:20 ++
12/12/202141 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Dier 11

Dier 11
12/10/202123 seconds
Episode Artwork

Dier 10

Dier 10
12/9/20214 minutes, 18 seconds
Episode Artwork

Dier 9

Dier 9
12/8/202120 seconds
Episode Artwork

Dier 8

Dier 8
12/7/202132 seconds
Episode Artwork

Dier 7

Dier 7 by Jill & Yannick
12/6/20211 minute, 12 seconds
Episode Artwork

Dier 6

Dier 6
12/5/20215 minutes, 55 seconds
Episode Artwork

#64 Dee mam 2. Advent

D'Infinityzeechen ënnert de Podcasts ass erëm do, mat Froen, déi eis all ënnert de Neel brennen: Ass eng Käerz och eng Dier? Hu mir elo e lëtzebuergeschen "East Coast West Coast"-Konflikt? A wat mëscht eigentlech de giele Geimer? Mat dobäi hu mir awer och méi serieux Themen, ganz nom Motto "D ass net negativ, d ass einfach just e bësse manner Glitzer." Als Éieregaascht hu mir dofir keen aneren wéi de selbsternannte Grinch, deen Themen uschwätzt, déi och an der Adventszäit hier Plaz brauchen. ++ Disclaimer: Dësen Episod gouf virun den onfaassbar dommen Ausschreidungen an der Staat opgezeechent. ++
12/5/202139 minutes, 34 seconds
Episode Artwork

Dier 5

Dier 5
12/4/20214 minutes
Episode Artwork

Dier 4

Dier 4
12/3/20212 minutes, 42 seconds
Episode Artwork

Dier 3

Dier 3
12/2/20211 minute, 41 seconds
Episode Artwork

Dier 2

Dier 2
12/1/20218 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

Dier 1

Dier 1
11/30/20213 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#63 Dee mam 1. Advent

Es weihnachtet sehr – och wann emol nach net Dezember ass. Dëst Joer gëtt et zwar kee legendäre Merch, mee awer trotzdeem Kaddoen (iwwregens komplett vegan)... Huelt de Spekulatius eraus a feiert mat eis de Kick-Off vun der Chrëschtzäit! Traditionell am Christmas spirit geet et NATIERLECH em dem de Konjunktiv, Kino-Drama an eis däitsch Alter Egos. Déi éischt Käerz um Paus.-Adventskranz fänken Special Guests un, déi net nëmmen kleng Mutzen an engelsgläich Stëmmen hunn, mee och eng Virléift fir e ganz bestëmmtent Chrëschtlidd.
11/28/202133 minutes, 41 seconds
Episode Artwork

#62 Dee mam Kontrollverloscht

Chaos! Aggressioun! Extra vill Anglizismen! Ier et chrëschtdaglech-besënnlech gëtt, ass elo de Moment, fir eng Kéier de Punkt op den i ze setzen. No engem Prolog vun Album-Rezensiounen féieren är Conducteuren vum Struggle-Bus 2021 iech duerch alles, wat de Bluttdrock an d Luut dreift: neie Corona-Wansinn, den Jake Gyllenhaal, d Joer 2007, Ënnerwäsch an der Afaart, de Contrôle Technique a Leit, déi mat iech am Lycée waren. Säit wéini iesse mir beim Ophuelen? Mécht d Adele geschwënn hollänneschen Techno? Ass Tripper eng Stilfigur? An hu mir all soss keng Péng?All dat gëtt et an enger neier Episod vu Paus.
11/21/20211 hour, 5 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

#61 Dee mam Crime Podcast

Ze spéit fir Halloween, mee nach ze fréi fir Chrëschtdag… dofir gëtt Paus. haut kuerzerhand zum Prime Time Crime Podcast! Move over, "Zeit Verbrechen", well de Sherlock Yåkz an d'Jīll Marple beschäftege sech mat engem glamouréis-mysteriéise Mordfall op Marbersbuedem. Ass een automatesch schëlleg, wann een en Jeanshierm an e wäisse Rollcoll unhuet? Misst ee fir schlecht Wuertwitzer an de Prisong a wa jo, ween géing da mam Yannick weidermoderéieren? A wat der Däiwel huet de Stevie Wonder an dëser Episod verluer? Taucht mat of a ganz elitär Kreesser voller dramatesch Virnimm, exotesch Hausdéieren a Next Level Ghosting.
11/6/20211 hour, 16 minutes, 43 seconds
Episode Artwork

#60 Dee mat de Blogger Awards

Ganz nom Motto "Alle Enden haben zwei Würste" schléisse mir d'Paus.-Summertour mat enger kuerzer knackeger "on the road"-Folge of: D'Bibi an Tina aus dem Podcast-Game huelen iech mat an den Hotel Royal op d'Blogger Awards! Virdrun gëtt et e klengen Update mat Peffermënztéi (oder Kamill?), feuilletonräifer Theaterkritik an enger Luxair journey. Sëtzt ee plakeg op engem Päerd? Spréngt een aus der Fënster? Hei gitt dir et gewuer! Loosst iech Momenter am Kapp am Auto zerwéieren a gönnt iech the real tea aus der Lëtzebuerger Bloggerszeen.
10/23/202135 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#59 Dee mat der Nuit des musées

Fir déi 20. Nuit des Musées huet de City Museum eis op d'Leit lassgelooss – an hei ass de Best of vum Podcast-Marathon aus eiser neier Stuff! Um Sëlwertablett ginn et international, sympathesch an engagéiert Gäscht, déi deelweis schonn en Hallefmarathon hannert sech haten, ier si mat eis iwwer hier Highlights vum Owend a vun der nächster Zäit geschwat hunn. Wou, wann net hei, geet et an enger eenzeger Sendung ëm musikalesch Planzen, Saachbeschiedegung a Louis Vuitton? A schounungslos investigativer Manéier hu mir Essentielles diskutéiert, ewéi zum Beispill: Ass Lëtzebuerg amfong Bielefeld? Kann e Musée sexy sinn? Dierf een alles upaken? A wou ass eigentlech d'"Gëlle Fro"? Tatsächlech gouf dat Eent oder Anert awer och méi seriö beschwat an et si Fënsteren zur Konscht- a Muséeswelt opgemaach ginn. Maacht iech prett fir e perfekte Mix aus Geschicht, Glamour a Chemtrails mat Paus. aus der #MuseTechLounge!
10/10/20211 hour, 24 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

#58 Dee mam Mil

Einen haben wir noch... live aus de Rotonden a featuring Cargolux, Luxair an Qatar Airways. Wir haben vom Feeling her ein gutes Gefühl, well haut ginn et Indian Summer vibes mam Hans Dampf in allen Gassen: dem Mil! Et gi geplatzte Bommen aus der Lëtzebuerger Musiksszeen, eng Grëtz Aggressioun a villes, wat am Fussball schief leeft. Och d'Stars a Stärercher kommen nees net ze kuerz: Wat hunn de Maale Gars an d'Beyoncé gemeinsam? Wat hu Slipknot mam Verschwannen vum Yannick sengem Handy ze dinn? A wee vun eis huet engem Promi säi Rank verluer? Dir wëllt professionell Social Media Analysen, en Ausfluch an d' Stater Nuetsliewen a Kölner Kebab? A lass sot déi Al! Huelt iech e Steak de cheval, ditt d'Zara-Jackett un a maacht déi (elo awer wierklech) lescht Summerpaus mat eis. #merciPaulette
9/19/20211 hour, 23 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

#57 Dee mam Mina

Are we the drama? Is it us? Ënner Zäitdrock hunn är Stressicas haut e pitch(er) perfect Gespréich mat kengem aneren ewéi dem Dr. Dr. Mina Lebowitz – the voice of her generation. Wéi lauschtert ee Paus. richteg? Stierwen Podcasts elo aus? Ass d'Nicki Minaj amfong vu Lëtzebuerg? Virun enger legendär-rockeger Kuliss ginn et Impfgéigner-Tipps, moudesch Generatiounskonflikter a vegan Geforen. Mat dobäi sinn och hallef Affekoten a ganz Bildungs-fails, OBVIOUSLY deen een oder aneren Anglizismus esou wéi dat Bescht an dat Schlëmmst vun de Generatiounen Y an Z.
9/5/20211 hour, 1 minute, 22 seconds
Episode Artwork

#56 Dee mam Schumacher-Knepper

Zu Vino sagen wir nie "no"... an dofir si mir on tour op der Musel! Bei eise Kolleege vu Schumacher-Knepper gëtt et Hollywoodglamour mam Marty McFly an der Prinzessin Leia. Wéi et dëst Joer mat de Wënzerfester ausgesäit, weie Promiwäin sech just als Esseg fir d'Zalot eenegt a wéi engem VIP-Wënzer ee wierklech traue kann – hei gitt dir ët gewuer. Dir kennt "AOC" nëmmen aus dem US-Kongress a "SolidAHRität" ass iech kee Begrëff? We've got you! Ass Crémant besser ewéi Schampes? Staamt de Yannick aus enger Wënzer-Dynastie? Wéi eng Edel-Tropfen sinn "Pittscholi" an "Fernsehwäin"? A wäert d'Jill jeemools de richtege Wäisswäin kafen? Froen iwwer froen, an deelweis esouguer Äntwerten drop – haut bei Paus.! #PinotGrisgeetëmmer
8/23/202156 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

#55 Dee mam Summerupdate

Summer-Paus. ass fir déi aner – hei gëtt et e klenge Special zu allem, wat an der (méi oder manner) waarmer Joreszäit (méi oder manner) wichteg war. Niewebäi gëtt och nach mat engem gudden Téi op 2 Joer Podcast ugestouss. #humble #blessed Tëschent pedagogesche Korypheen a Metal of the Unicorns ginn et net just déi hottest Summertipps, animalesch Interluden an Hip(po) Kanner, mee och alles Wichteges zum Thema Olympia (vun a mat de Sportexperten äres Vertrauens). An och dës Kéier gëtt net viru grousse Froen zeréckgezéckt: Ween ass déi neisten Voice of Luxembourg? Mat wéi engem Fussballclub war d'Jill an der Vakanz? A ween ass eigentlech den Amnai Chamalan?
8/7/20211 hour, 13 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#54 Dee mam Ophalen

Den Titel schwätzt fir sech.
7/11/20211 hour, 18 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#53 Dee mam sportleche Pride Month

"I just think that sports are stupid.", fir et mam Amy Schumer ze soen... De Béla Réthy an de Marcel Reif vun der Podcast-Szeen analyséieren haut fir iech d'Konzept Fussball, gymnastesch Fashion-Highlights an NFL-Stippis. Mat dobäi sinn och Ungarn an Däitschland, en expressiven Nacho, Pixar-Waasserkreaturen an d'Chipmunks. Et geet zwar net ëm Abseits oder Foul, dofir awer em essentiell Froen: Wéie Rapper ass warscheinlech faarweblann? Wat ass en "Apple Gender"? A firwat huet Fussball eis Perséinlechkeet zerstéiert?
6/27/202150 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#52 Dee mam Queer Coding

Och dës Kéier gëtt et eng five hundred twenty five thousand six hundred minutes laang Folge zu Éieren vum Breitmann! Nom Motto "esouwäit ech mech ieren..." gëtt den Themen Linguistik, Filmwëssenschaft an Soziologie op den Zant gefillt. Ob Erzéiung mat Telefonsbicher, d'Entwëcklerin vun der Triggerwarnung oder och de Romain als Gucci-Designer – äre Bildungspodcast geet nees dohin, wou et wéideet. Mat um Dill sinn Powerfraen a Superhelden, Pride-Botter, de Bildungsministère, Reebou-Lanzen an eisenhalteg Vampirjägerinnen.
6/14/20211 hour, 29 minutes, 56 seconds
Episode Artwork

#51 Dee mam Gender

Är Lieblings-Castaways presentéieren iech haut den offiziellen Apero zum Pride Month. De Yannick offenbart, firwat d'Gemeng schold u senger sexueller Orientéierung ass and d'Jill ass insgesamt aggressiv. Ob LNS oder ZLS, 80er Filmclassics oder Instrumenter*innen (Witz in honor of Thomas Gottschalk) – den Gendergap vun de Podcasts deckt nees knallhaart Wourëchten op. Trotzdeem bleift nach Zäit fir nei Verschwörungstheorien zu Germany's Next Topmodel a Leit ouni Stréckelen. Maacht iech prett fir en héichintellektuellt Gespréich iwwer Geschlechter, Genderen an d'Danielle-Marianne-Georgette. Hei ginn déi Froe gestallt, déi wéidinn: Ass en Hetero Pride Month laang iwwerfälleg? Versaut d'Genderen wierklech eist schéint Lötzaboiescht? Fir et mat de Wierder vum Sprooch-Verfechter a postmoderne Poet Hans Peter Baxxter ze soen: "Sunshine in the air, We're breaking the rules, Ignore the machine, You won't ever stop this."
5/30/202158 minutes, 39 seconds
Episode Artwork

#50 Dee mam Fofzegsten

Started at „Belle Etoile“, now we’re here… Säit mëttlerweil 50 Episoden gëtt mat angeneemem Dezibelwäert an enger grousser Portioun Bescheidenheet iwwer alles an näischt diskutéiert an Dommheet gesellschaftsfäeg gemaach. Zouverlässeg minimal zäitverzögert per Videokonferenz analyséiere mir de grandiose Succès vum aflossräichste Podcast aus dem Land, schwätzen iwwer Highlights a méi oder manner realistesch Zukunftspläng. Nieft Spannung, Spill an enger Extraportioun Aggressioun kommen haut och Paus.-Ultras a Kolleegen zu Wuert an et geet em Déifgrënneges ewéi Toilettëpabeier an Drag Queens mat H. Maacht iech prett fir näischt manner ewéi Geständnisser, perséinlech Erkenntnisser an emotional Ausbréch, well et ass Zäit fir e ronne Jubiläum!
5/16/20211 hour, 21 minutes, 51 seconds
Episode Artwork

#49 Dee mat de (guilty) pleasures

Haut gëtt et gläichermoossen flott a penibel – also alles ewéi ëmmer. Nom Motto „Sief e bëssen voller Wëssen“ gëtt dem Cro säi musikalescht Parallelliewen opgedeckt, e Paradigmenwechsel am Virnumm-Game diskutéiert a skandaléisen dog shaming thematiséiert. Et gëtt vläicht eng nei lëtzebuergesch Supergroup, the return of Bobby Ferreira an e grousse Kategorie-Comeback mat intellektuellem Gaaschtoptrëtt. Plus: Aarbecht fir eis geschätzte Nolauschterer, Pizza-Diskussiounen a Musicals esouwéi och musikalesch Stëmmungsopheller, den trashegsten Trash a Fernsehohrwürmer.
5/2/20211 hour, 11 minutes, 54 seconds
Episode Artwork

#48 Dee mat de Bicher

Paus. ass operstanen a kënnt mat enger Episod a "Wetten Dass"-Längt ëm den Eck. Haut ginn et net just extra vill zäitlech Verzögerungen (#Internetverbindung #ondiraitlesud) mee dir gitt esouguer gewuer, firwat d’Jill eng Mëschung vum Lana del Rey an dem Henry VIII. ass a wei eng vläicht 10 Meter grouss Iwwerraschung de Yannick huet. Mat dobäi sinn och asiatesch Philosophien, eis fantastesch Nolauschterer a fashion icons aus der franséischer Literatur. D'literarescht Duett eures Vertrauens liwwert iech d' Must-reads vun 2021, mat Leidenschaft gehaasste Klassiker a Bicher, di mir ni fäerdeggelies hunn. Disclaimer: Mir wëssen natierlech, dass „Hurt“ vun de Nine Inch Nails ass, mee déi eenzeg richteg Versioun ass vum Johnny Cash (let’s be honest here).
4/19/20211 hour, 47 minutes, 13 seconds
Episode Artwork

#47 Dee mat der Spiritualitéit

Wir sagen einfach "hello"! Mat mindestens engem 5. Sënn fir Mentalisten, déi wéi Schauspillerinnen ausgesinn a Social Media Kommentarer vu blonden Ikonen gëtt et haut nach méi onerklärbar ewéi soss. Dir gitt gewuer, wat geschitt, wann den Zirkus an der Staat ass, weie legendäre Reality TV-Moment ee net dierf verpassen a firwat mir ab elo "Paus - de Relativiéierungspodcast" sinn. Mir prophezeien och eng nei Rubrik, bäissend Nuesen a lëtzebuergesch Ausdrocksschiweregkeeten.
3/28/20211 hour, 4 minutes, 19 seconds
Episode Artwork

#46 Dee mat de Manéieren

Mais âllo quoi? Haut gëtt et d’„Sendung mit der Paus.“ zum Thema „Manéieren“ am XXL-Format. Enner anerem gëtt Knigge-konform iwwer Reflux-Schwieregkeeten, Frisureprobleemer a Schong-Diskussiounen geschwat. Mir këmmeren eis och ëm Racheakter am Eenzelhandel an Gender Struggles um Dësch an um Tennis. Alt erëm kommen och Froen op, ewéi zum Beispill: Wéi heescht dem Jeannie säi béisen Zwilling? Firwat si mir vläicht geschwënn e Bréifpodcast? Wéi eng béis Nopesch ass eng grouss Inspiratioun? Ween zerstéiert d’englesch Monarchie? An: Mierkt d’Welt tatsächlech elo eréischt, dass Fraen sech oft onwuel fillen?
3/14/20211 hour, 29 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#45 Dee mam verluerene Sch****

U k, hun? Et ass d'Zäit vun de verluerene Nerven, Rëss an de Schosselen, geistiger Umnachtung & people losing their shit. Dofir ginn an dëser Folg parlamentarësch Froen zu Reinigungsfachkräften, Drag Race, Fluglinnen mat Existenzängscht an Impfungs-"Hunger Games" gestallt. Mëssverständnesser mam Bob, mental Totalausfäll mam Mohammed a Computertipps ginn et nach on top. Plus: e klengen Äddi un de grousse Fausti. #HauptsacheAlessiogehtsgut #ondiraitlesud #justiceforFausti
2/27/20211 hour, 6 minutes, 7 seconds
Episode Artwork

#44 Dee mam Comeback

D’ass nees Kiermes am Duerf! Mir si net zu Dubai, mee back in the Paus. Et ass Zäit fir „Dee mam Comeback“ oder och nach „Die große Promi-Folge“ mat eise Kolleegen Caro, Tommi, Amira, Britney, Judy, Dino, Chaild, Tun, Yannick, Natascha, Meli, Thomas, Janin, Micky, Steffen, Jürgen, Ben an David. Eng Stonn Gejäiz PLUS e gratis Soziologie-Grundkurs, penibel Trendsportaarten, den Ofstuerz vum Joerhonnert an den obligatoreschen TikTok. #inspo #themindtravelswheretheskybegins #freebritney
2/13/20211 hour, 7 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#43 Dee mat 2020 - Deel 2

Am zweeten Deel vum grousse Joresréckbléck geet et ënnert anerem em den Tekken aus der Geriatrie, eng mysteriéis Podcast-Verschwörung an d'lëtzebuerger Luxuspanik. Mat dobäi ass awer och nach de "Nerv aus Gold", e Schoss Linguistik a Neies vun der "Petit Beurre"-Saga.
1/1/20211 hour, 13 minutes, 2 seconds
Episode Artwork

#42 Dee mat 2020 - Deel 1

2020 war e... Joer. Am éischten Deel vum Réckbléck op déi lescht 12 Méint ginn et ënner anerem bescheide Virsätz, Konversiounstherapien an telefonesch Iwwerfäll.
12/31/202048 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#41 Dee mat Chrëschtdag

Raindrops on roses and whiskers on kittens... ginn et haut NET. Dofir awer technesch Hürden (sponsored by Jill), den Jimmy Glitschi, Hollywoodstar-Mobbing a Christmas-NoGos. Firwat waarden d'Lëtzebuerger an der Schlaang? Wat mëcht d'Isabelle Huppert nach nieweberufflech? A wisou ass "Evacuate The Dancefloor" nach ëmmer dat chrëschtdaglëchst Lidd? All deene Froen gëtt sech an enger extra festlecher PAUS.-Episod gestallt. Opgepasst: enthält Nekrophilie a Nazien.
12/24/202056 minutes, 58 seconds
Episode Artwork

#40 Dee mat der Dankbarkeet

Advent, Advent, 2020 brennt! Eng weider Episod ouni vill Chrëschtdag, dofir awer mat Exposing a Cancelling. Ob d' Yåkz-Affär, d' Double-Tap-Kontrovers oder de Fall vum mysteriéise Foto-Partner - hei gëtt alles ugeschwat. Diddeleng, Déifferdeng an de ganze Rescht... Educatiounssystem bass du dat Allerlescht? Och dobäi: Liwwer-Highlights fir déi aktuell Zäit, Serientipps an eventuell och nees d'No Angels.
12/20/20201 hour, 3 minutes, 20 seconds
Episode Artwork

#39 Dee mat de Fans

Eng garantéiert chrëschtdagsfräi Episod um 1. Advent! Mat dobäi si vill Leit, vun deene mir Fan sinn: eis Nolauschterer, d'No Angels, de Banksy vu Keel an den Dieter Bohlen featuring Thomas Mann. Dir wëllt tonneweis Z-Promis, dei garantéiert déifgrënnegst Songtexter an Tipps fir erfollegräicht Starstalking? Say no more and listen to PAUS.
11/29/20201 hour, 1 minute, 30 seconds
Episode Artwork

#38 Dee mat der Enttäuschung

Nee, et ass net nëmmen eng Folleg iwwer Amerika. Haut gëtt et net-enttäuschende Schampes, medial Ofgrënn aus den 2000er an de Wendler. Plus: d'Emily in Paris, zwee Sashas an ee geféierleche Rod Stewart esouwéi nei erfonnte Riedensaarten an Traumatesches vum FKK. #DenDéngensass #egal #ToxicMasculennyty #PausamSonntag
11/8/20201 hour, 6 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

#37 Dee mat den 2000er

Wat ass dat Eenzegt, wat méi grujeleg ass ewéi Halloween an d'Joer 2020 zesummen? Genee: d'Moud aus de fréien 2000er. Also paakt de Strass-Sonnebrëll aus, geheit den extra klénge Schal em den Hals an zitt den "Zicke"-T-Shirt eng Kéier riet, well et ass Zäit fir Horror! Nieft moudesche Faux-Pas an ënnerschätztenen Trends gëtt et och nach Poledance, eise Bandnumm an Avantgardismus an der Primaireschoul. Ausserdeem hu mir fir iech an eis mini Posch gepaakt: de lëtzebuergesche Numm fir Ingwer, d'Zukunftspläng vum Yäkz an Erregung öffentlichen Ärgernisses beim Beetebuerger Park. Stop being poor a vill Spaass bei PAUS. DISCLAIMER: Et ass am Fong eng Episod iwwer d'J.Lo.
10/24/20201 hour, 3 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

#36 Deen ouni Deprime

Et gëtt kal, naass an ongemittlech – an et ass och nach 2020! Mat enger extra laanger Folge vum Bildungspodcast äres Vertrauens ass och dës Joreszäit kee Probleem. Fänkt eng Käerz un, huelt d'Decken an d'Taass Téi eraus a prost mat eis op e glamouréisen Hierscht! The girls and the gays, Hollänner am Taj Mahal, Kantinnevibes am Restaurant a Game of Thrones an der Galerie Lafayette si mat dobäi. Et erwaarden iech och nach d'philosophescht Quartett mam Hei Elei a weider Highlights aus der Postkart-Welt. Wat huet d'Sommerhaus der Stars mat antiker Mythologie ze dinn? Wei eng Gemeinsamkeeten ginn et tëscht Drag Race an der Frauenquote? Ween ass de Yäkz wei vill Shoutouts packe mer des Kéier? Soit, egal: Bang Voyage!
10/9/20201 hour, 24 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#35 Dee mat de Feeler

Mir sti mat der Ironie-Sireen am Duerchzuch a ginn erëm Tipps, dass et kraacht: Vu Kamellen-Outlets iwwer Old School Musekpiraterie a gratis innovativ Geschäftsiddien ass nees alles dobäi. Och eng "Action"-Libeserklärung, en Appel un d'Museksindustrie a Soundeffekter fir aarm Leit stinn haut um Programm. Fir eng extra Portioun "utz utz utz" ass gesuergt an et gëtt en Enthüllungsbericht iwwer Sekten am Minett. Ass et vläicht e Feeler, dës Episod ze lauschteren? Héchstwarscheinlech.
9/26/202053 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#34 Dee mat de Snowflakes

TRIGGER-WARNUNG: Leit mat Angscht viru Musek a Gesang sollten dës Episod iwwersprangen. Haut geet et ënner anerem em dem Jill séng nei Karriär dem Yannick säin Tommi-Schmitt-Trauma an e Sandwich-Lidd. Mir sinn och elo de Pressekonferenzpodcast an diskutéieren aktuell Gender-Kontroversen. Plus: Ironie-Sireenen, Vëlofuerer mat Alu-Helm, d'Cher, de Louis de Funès a woke Sitcom-Tipps.
9/14/20201 hour, 9 minutes, 4 seconds
Episode Artwork

#33 Dee mat der Vakanz

Mir paken eis Wallis a mir huele matt... d'Von Nassaus op de Kanaren, Mendes-Flashbacks an Dschungelcamp-würdeg Backpack-Trips. Mat am Gepäck sinn och e gewëssene Granzlevel wéinst Vakanzemangel (ee vun eis) an de Versuch, eng national Institutioun ze bestiechen (deen aneren) souwéi déi schlëmmste Matratzen an déi schéinst Aussiichten.
8/29/202054 minutes, 35 seconds
Episode Artwork

#32 Dee mam Summerlach 2.0

Et ass nach ëmmer August a nawell leeft iwwerhaapt näischt. Dofir gëtt et haut en erfrëschende Cocktail aus e bëssen 80er, Maccaroni am Dëppen, enger gudder Prise Koks, e puer Ohrwürmer, geféierlechem nostalgeschen Iessen an enger Grëtz Trash-TV. Enjoy chilled!
8/15/202053 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#31 Dee mam Summerlach

Den August ass dëst Joer zwar héichsummerlech, mee nach méi ereignislos wéi soss. Dir braucht Beschäftegung? Say no more! Mir hu Brochlandungen am Fernsee an an der Zeitung fir iech, de neisten Dior-Parfum, eist Lieblingsalpaka, e Kaddo vum Beyoncé, Psychoterror a Realitéitsverloscht. Also alles wéi ëmmer. #crèmtiechan #dotärMaskun #maachtengPaus
8/5/20201 hour, 8 seconds
Episode Artwork

#3O Dee mam Drëssegsten

Endlech aus der Datz eraus: PAUS. feiert seng 30(st Episod)!!! Dofir hu mir eis eng national TV-Koryphäe invitéiert, déi hire Besuch ab der éischter Minutt bereit huet. Mir schwätzen iwwer Hollänner, Schëllerpolster an Immobilien. Stréckt iech un fir e Galopp duerch d’Film- a Fernsehlandschaft mat Autosaccidenter, Verwirrungen em d’“Sunlicht“-Affär a ville knusprege Geschichten.
7/18/20201 hour, 11 minutes, 46 seconds
Episode Artwork

#29 Dee mam Horoskop

Don't call it a comeback! D'Yolanda an d'Miss Costa Rica si frou, endlech erëm do ze sinn a liewenswichteg Froen ze klären: Wéi eng T-Shirten huet de Keeleclub Nidderfeelen? Si Swarovski-Figuren en Zeechen vu Selbsthass? Wéi geet et dem Brad Pitt? Enner aanerem geet et och em houfreg léiend Zwillingen a komplett onemotional Kriibsen, plus Krawallbürsten a Leit, déi ze extra fir all Stärenzeeche sinn. Äert Dageshoroskop seet: Et ass Zäit, e Gang eroofzeschalten! Leet är Kristallen op d'Fënsterbänk a maacht eng PAUS. mat eis.
7/11/20201 hour, 14 minutes, 6 seconds
Episode Artwork

#28 Dee mat Mammendag

Eng Episod voller Special Effects (alias technesche Probleemer a buerende Noperen) a Mammen vun allen Zorten. Eng vun hinnen kritt esouguer de „Gëllene Nerv“ vun eis iwwerreecht. Och nach dobäi sinn d’ Liewensretter vun Esch, d’ Mammegeräisch par excellence an eng Portioun Onwëssen zu „Game of Thrones“. PLUS: Weieng TV-Mamm déi legendäerst Frisur huet a mat wéi enger de Yannick sech besonnesch verbonne fillt.
6/14/202050 minutes, 49 seconds
Episode Artwork

#27 #BLM

#27 #BLM by Jill & Yannick
6/5/20201 hour, 20 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

#26 Dee mat der Première

An dëser Episod gi just déi wichteg Froe gestallt: Gëtt et zu Ibiza e Studenterabatt? Wéi oft kann d’Jill „domm Kou“ an enger Sendung soen? Wat sinn dem Yannick seng lescht Wierder um Sterbebett? Ass Thon eigentlech Poulet? An enger spezieller Episod fir déi vun der Coronakriis gebeutelt Primaner 2020 gëtt et zwar KENG sexy Strandstories, dofir awer Lloret-Geschichten, de „Faust“ an 10 Sekonnen a Gossip aus dem wuel speziellste Schouljoer (oder och zwee)
5/15/20201 hour, 6 minutes, 40 seconds
Episode Artwork

#25 Dee mat den Urban Legends

Mir si rëm back together (wann och just virtuell)! Dës Kéier gëtt doriwwer debattéiert, wat iwwerhaapt eng Urban Legend ass an ënner anerem iwwer den Utopolis, Läichen a Männer aus der Atert geschwat. Dobäi gëtt et nach déng Kolleegen, déi soss ni Schäiss erzielen, Penibeles vum Tennis an dem Yannick säi Verwandtschaftsverhältnis zu engem däitsche Rocker.
5/2/20201 hour, 10 minutes, 53 seconds
Episode Artwork

#24 Dee mat den Challenges

An Zäiten ewéi dësen verdreiwen sech d'Leit nach méi ewéi soss d'Zäit mat Challenges an ähnlëche Geschichten. Mir opferen eis op a probéieren der e puer fir iech aus. Enner anerem këmmere mir eis nach em essentiell Themen ewéi Polizisten op TikTok a Lieblingsmemes. PLUS: latäinamerikanesch Feierdeeg, traumatesch Besich beim Schouldokter a firwat de Yannick onbedéngt beim Marie Antoinette sengem Doud hätt wéilten dobäi sinn.
4/18/20201 hour, 15 minutes, 47 seconds
Episode Artwork

#23 Dee mam YouTube

Haut schwelge mir an Erënnerungen un déi gutt al YouTube-Zäiten a këmmeren eis em essentiell Froen wéi "Ass Tik Tok de neie YouTube?", "Ween der Däiwel ass d'Kombucha-Girl?" a natierlech "Ass Boomerang Tik Tok?" Mir hunn YouTube-Quarantän-Tipps mat schlampeger Animatioun, chauvinistesche Rapper a Beauty-Gurus mat iwwerrannte Mammen – PLUS d'Netflix-Must-Views fir iech an är ganz Mischpoke. Ausserdeem gëtt nach gekläert, firwat mir den Harry an den Derrick aus der Podcastszeen sinn a firwat "Cool Feet" besser ass ewéi "Casa de Papel".
4/5/20201 hour, 13 minutes, 8 seconds
Episode Artwork

#SPECIAL: De Feierstorch - Kapitel 2 - Viva Si Racha

#SPECIAL: De Feierstorch - Kapitel 2 - Viva Si Racha by Jill & Yannick
3/26/20206 minutes, 30 seconds
Episode Artwork

#22 Social Distancing Spezialepisod

Eeeeeh....cuarentena... ay! Mir sollen, respektiv DÄERFEN doheem bleiwen a probéieren dowéinst, per Videochat sozial ze sinn. Et ginn ënner anerem folgend Froen beäntwert: Ass de Yannick schold un der Schwéngspescht a Spuenien? Wéi vill 90er ass ze vill fir e Quarantäne-Outfit? PLUS: technesch Probleemer, Podcast-Gossip, Ieselen, Beschäftegungstipps an e puer Gaaschtoptrëtter. Stay safe, stay inside!
3/22/202052 minutes, 37 seconds
Episode Artwork

#21 Dee mam Self Care

Well e gewëssene Virus der vill vun eis zu enger Paus (pun intended) zwéngt a fir d'Saach nach méi schlëmm ze maachen, gëtt et haut e Spezialepisod mat Buzzfeed, Beverly Hills an Dehnübungen. Ob géint d'Langweil oder den aktuell nach méi stressegen Aarbechtsalldag, we got your back ++ WARNING: Et gëtt iwwerduerchschnëttlech vill gesongen. ++ P.S. : Merci all deenen, déi weiderhin am Gesondheetssecteur, am Service etc. fir eis do sinn. #Coronoshebetterdont #staythefuckhome (if you can) #washyourhandsyoudettypig #kaaftemolléiwernachePondMiel
3/15/20201 hour, 8 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#20 Dee mat den Drag Queens

Oh yes she better do! Entertainment, Popkultur, Konscht, politescht Statement... Drag ass méi ewéi Männer a Fraekleeder. Haut gëtt et e gratis Crashkuer an donieft këmmere mir eis och em Bodyguards, Sexismus an den onsympatheschste Podcaster.
3/7/20201 hour, 21 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#19 Dee mat der Fuesent

Haut geet et em d'Föös, déi 5. Joreszäit, de Fasching an de Karneval. Wéi eng Verwirrungen ee mat Schwanecostumer a rosa Joggingen kann ausléisen, firwat zu Köln Doudelueden ronderëmgedroe ginn a wéi eng Zuchfaart ee kann zur Bei maachen, gitt dir wéi ëmmer just hei gewuer.
2/22/202054 minutes, 17 seconds
Episode Artwork

#18 Dee mam Doud

De Januar war onendlech laang, mir ware krank an d'Welt steet virum Ënnergang. Dofir ass et elo eriwwer mam Spaass. Mir klären, wéi ee sëch am Lineheart zu Doud blaméiert an ob de Rumpelstilzchen a Wieklechkeet d'Beyoncé ass. #RIP #jesuisPaus.
2/8/20201 hour, 15 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#17 Dee mat der Digitaliséierung

En Episod tëscht Jamba-Monatspaket, Exhibitionismus a Pappen op Facebook.
1/18/20201 hour, 3 minutes, 3 seconds
Episode Artwork

#16 Dee mam leschten Episode

#16 Dee mam leschten Episode by Jill & Yannick
1/1/20201 hour, 27 minutes, 29 seconds
Episode Artwork

#SPECIAL Paus. x Happy Hippo Xmas Special

#SPECIAL Paus. x Happy Hippo Xmas Special by Jill & Yannick
12/25/20191 hour, 35 minutes, 48 seconds
Episode Artwork

#15 Dee mam Christmas-Shopping

Mir investigéiere knallhaart a sozialkritesch, wéi de Lëtzebuerger sech an der Adventszäit behëlt. Realitéit: Mir lästeren a jugéieren an engem Akafszenter, schwätzen iwwer Prostitutioun an terroriséieren zwou Fraen. Vill Spaass mat der éischter "On Tour"-Folleg vu PAUS!
12/14/201952 minutes, 9 seconds
Episode Artwork

#14 Dee mam Kino

Adventszäit a Besënnlechkeet? Ugh, as if! Hei ginn et people living their best Kino-life. Ënner anerem dobäi sinn d'lëtzebuergescht Britney Spears, den Ice Cube an der Kannerdisco an den Inspector Gadget beim Nacho-Stand.
11/30/20191 hour, 1 minute, 3 seconds
Episode Artwork

#13 Dee mam "cliffhanger"

Mir entschëllegen eis fir deen technesche Problem. Eise Podcast hat decidéiert sech selwer ze "cliffhangen". Dofir hunn mer eng kleng Iwwerraschung fir iech an en neien Episode eropgelueden, wou just déi lescht dräi Minutte vum "Pet Peeve" Episode feelen. Vill Spaass mam wuel kierzten Episode, deen der op Paus wäert héieren!
11/17/20193 minutes, 24 seconds
Episode Artwork

#12 Dee mam "Pet Peeve"

Och an dësem Episod schwätze mir erëm iwwer Themen, déi d'Welt beweegen: Wat ass eigentlech e Pet Peeve, wei éng däitsch TV-Perséinlechkeet brauch elo DRINGEND eng Paus a wat der Däiwel ass aus eisem Facebook-News Feed ginn?
11/16/20191 hour, 58 seconds
Episode Artwork

#11 Dee mat der Verännerung

D'ass erëm Zäit fir eng PAUS. ... Firwat mir haut net eleng sinn, weie Beauty-Trend méi ustrengend ass ewéi all Ëmweltkatastroph a wisou geschwënn all Berliner Hipster jalous op Kielen kuckt.
11/2/201953 minutes, 27 seconds
Episode Artwork

#10 Dee Mam Jubiläum

Eng XXL-Folge fir déi 10. Episod ze feieren: Nach méi Gesang, nach méi praktesch Liewenstipps a Neies zur Sunlicht-Affär. Plus d’grouss Fro: Ween ass de Mendes?
10/19/20191 hour, 5 minutes, 10 seconds
Episode Artwork

#9 Dee mat der Sprooch

Mir klären haut den Attraktivitéitsgrad vun eise Nolauschterer, firwat mir amfong Amerikaner sinn an ob et e lëtzebuergescht Wuert fir Croissant gëtt. PLUS: eng exklusiv Preview vum neie "Rammstein"-Lidd.
10/5/201955 minutes, 23 seconds
Episode Artwork

#8 Dee mat der rentrée

Wéi kann ee mat enger Schachtel eng ganz Primärschoul a Panik versetzen? Wéi dreift ee mat "Nivea"-Crème Biosproffen an de Wahnsinn? Jugendleche Leichtsinn, Drama an Trauma zum Schoulufank – haut bei "Paus.".
9/20/201940 minutes, 1 second
Episode Artwork

#7 Dee mam Hierscht??!

Haut gëtt et bei PAUS. alles, wat dir géint den Hierschtblues braucht. Enner anerem: Aner Podcasts, Verkéiersproblemer an eng lescht Dosis Summer-TrashTV. #PSL #OhmeinGottwiedummdubist
9/7/201948 minutes, 25 seconds
Episode Artwork

#6 Dee mam Festival

Weie Festival ass wei d'Bierenger Kiermes mat Glitzer? Wat ass schlëmmer: Glutenintoleranz oder d Sophia Thomalla? A weie Promi ass dru schold, dass Festivals en général gecancelled sinn? Dat a villes méi gëtt et haut bei PAUS. #infulencer #freedom
8/24/201936 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

#5 Dee mat de "Wutbürger"

Wouriwwer reegt Lëtzebuerg sech op? Sténken, Sëcherheetsklaameren, sexuell Belästegung a nach villes méi – haut bei "PAUS.".
8/10/201931 minutes, 32 seconds
Episode Artwork

#4 Dee mat der Generatioun Y

X, Y, Z... de Yannick an d'Jill léieren endlech d'ABC, beschwätzen der Kanzlerin hier sexy Fotoen a froe sech, ob de Niveau vun der aktueller Generatioun sou déif ass wei d Boxen vun där virdrun. Intro geschwaat vum Wencke Fiedler
8/4/201937 minutes, 16 seconds
Episode Artwork

#3 Deen vun Lëtzebuerg

Aarmt Lëtzebuerg ?!1!1!!! Hu mir méi ze bidden wéi onfrëndlech Türsteher an Exhibitionisten am Parkhaus? Fannt et eraus an der neier Episode vu "Paus".
8/4/201947 minutes, 33 seconds
Episode Artwork

#1 Dee mat der "Soap"

Wat den Jo Gerner an den Homer Simpson gemeinsam hunn a wisou Soaps eis moudesch ruinéieren. Plus: Wat hunn de Yannick and d Jill mat Schauspiller vun "Unter Uns" ze dinn? Dëst a villes méi haut bei "Paus".
8/4/201937 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

#2 Dee mam Trash TV

Haut op der Dageskaart: Fremdscham für Fortgeschrittene. Wou huet dem Bauer Guy seng Fra hier Hochzäitsschung hier? Sind wir nicht alle ein bisschen Harald? Äntwerten op dës a nach aner existenziell Froen ginn et elo am "Paus"-Podcast.
8/4/201951 minutes, 14 seconds