Winamp Logo
RTL - Sprint Cover
RTL - Sprint Profile

RTL - Sprint

Luxembourgish, Field & Track, 1 season, 17 episodes, 11 minutes
About
De Magasinn vun der Lëtzebuerger Liichtathletikfederatioun.
Episode Artwork

Sprint, 16/05/2024

Am Sprint vun haut dréit sech alles em den Nuetsmarathon an der Stat an dat mat enger Rekord Participatioun. D'Wieder huet matgespillt an déi bescht Lëtzebuerger hunn et op de Podium gepackt. D'Jana Peters huet mam Organisateur an den Leefer iwwer dëst Evenement geschwat.
5/16/20242 minutes, 26 seconds
Episode Artwork

Sprint, 21/03/2024

Am Sprint dréit sech haut alles em d'Indoor Weltmeeschterschaft zu Glasgow. D'Jana Peters huet mat den Athleten iwwert hier Erwardungen am Virfeld an hir Resultater geschwat.
3/21/20242 minutes, 28 seconds
Episode Artwork

Sprint, 18/01/2024

Am Sprint vun haut schwätzt d'Jana Peters mat zwou Leeferinnen iwwert hier nei Lëtzebuerger Rekorder a verréit iech wéi ee Rendez-vous een dëse Weekend op kee Fall sollt verpassen.
1/18/20242 minutes, 14 seconds
Episode Artwork

Sprint, 21/12/2023

Den Dezember ass dee Mount, wou d'Sportler ausgezeechent ginn, déi an hirer Sportaart déi beschte Resultater haten. An der Liichtathletik ass dat net anescht. Kierzlech goufen d'Patrizia van der Weken an de Charel Grethen fir hir Leeschtungen geéiert. Dat ass Thema haut am Sprint, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...
12/21/20232 minutes
Episode Artwork

Sprint, 21/09/2023

D'Summersaison an der Liichtathletik ass eriwwer. Zäit also e klenge Réckbléck op déi leschte Méint ze maachen. De Rich Simon huet mat de verschiddene Protagonisten, iwwert hir Leeschtungen, Resultater an Ziler fir Zukunft geschwat.
9/21/20232 minutes, 50 seconds
Episode Artwork

Sprint, 17/08/2023 18:50

Vum 19. bis den 27. August ass d'Liichtathletik Weltmeeschterschaft zu Budapest an Ungarn. Mam Bob Bertemes, dem Patricia Van der Weken, dem Vera Hoffmann an dem Charel Grethen sinn 4 Lëtzebuerger mat dobäi. Virun allem de Charel Grethen hat net deen einfachsten Ufank vun der Saison, Sam Rickal.
8/17/20230
Episode Artwork

Sprint, 15/06/2023 18:50

Am Sprint mécht d'Jana Peters e Réckbléck op de Nuetsmarathon a verréit Iech wien an dëser nach jonker Summersaison schonn nationale Rekorder opgestallt huet.
6/15/20230
Episode Artwork

Sprint: Nuetsmarathon, 18/05/2023 18:20

Am Sprint vun haut dréit sech alles em  dat gréissten Laafevenement hei am Land, Jana Peters
5/18/20230
Episode Artwork

Sprint, 20/04/2023 18:50

An de leschte Woche war an der Liichtathletik vill op nationalem Plang lass, an et stinn och nees grouss Rendezvousen virun der Dir. Am Sprint vun haut, verréit iech d' Jana Peters ënnert anerem wien Champion iwwert 10 Kilometer op der Strooss gouf an wat dann deemnächst um Programm steet.
4/20/20230
Episode Artwork

Sprint, 16/03/2023 18:50

Am Sprint vun haut mécht d'Jana Peters e Réckbléck op d'Haaleneuropameeschterschaft zu Istanbul an den nationale Cross Championnat.
3/16/20230
Episode Artwork

Sprint, 17/11/2022 18:50

Am Sprint vun haut verréit iech d'Jana Peters, wien sech de nationale Championstitel am Marathon séchere konnt a mam Sven Remakel kucke mir op den Trail Uewersauer an den Trail Championnat, deen dësen Weekend zu Heischent ass, no vir.
11/17/20220
Episode Artwork

Sprint, 20/10/2022 18:50

Am Sprint vun haut kuckt d'Jana Peters op d' Coursse vum leschte Mount zréck, a schwätzt mat der neier Championne um Semi Marathon iwwert hier Course an och d'Wantersaison.
10/20/20220
Episode Artwork

Sprint, 15/09/2022 18:50

Am Sprint vun haut gitt dir déi leschte Resultater vun den FLA Athleten gewuer an d'Jana Peters verréit Iech och, wien déi 6. Editioun vum Ultratrail am Mëllerdall gewonnen huet.
9/15/20220
Episode Artwork

Sprint, 14/07/2022 17:50

Am Sprint vun haut geet et em néi Beschleeschtungen, déi national Championnater an d'Jana Peters schwätzt mam Patrizia Van der Weken a dem Charel Grethen iwwert d'Weltmeeschterschaften am Oregon.
7/14/20220
Episode Artwork

Sprint, 16/06/2022 17:50

Am Sprint vun haut schwätzen mir iwwert de Championnat vun de klengen Europäesche Staaten zu Malta, den Nuetsmarathon an der Stat an d'Jana Peters verréid Iech wéieng Athletin e nationale Rekord aus dem Joer 1996 verbessert huet.
6/16/20220
Episode Artwork

Sprint, 19/05/2022 17:50

Am Sprint vun haut schwätze mir iwwert nei national Beschtleeschtungen an de wuel gréisste Rendez-vous fir d'Leefer hei am Land. Am Gespréich mam Erich François, dem Organisateur vum Nuetsmarathon verréit iech d'Jana Peters op wat sech d'Leefer den 28. Mee kënnen freeën.
5/19/20220
Episode Artwork

Sprint, 21/04/2022 17:50

Am Sprint  vun haut gi dir ënnert anerem déi leschte Resultater vun den FLA Athleten gewuer. An am Gespréich mam Jana Peters, erkläert iech de Bob Bertemes d'Konzept vum Wings for Life World Run, deen dëst Joer fir d'éischt hei zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt....
4/21/20220