Lëtzebuerg huet an der Kulturszen, wei och am Sozialen vill ze bidden – dat fannen den Tom an de Philippe och. Wisou also net mat deenen Leit schwätzen? All Woch invitéiert de Podcast ‚Gëlle Fro‘ eng Lëtzebuerger Perséinlechkeet an den Gruppetto, mat der se sech iwwert hier Passiounen ënnerhalen, zesummen gecksen an och mol e kale Béier mateneen drénken. An wien weess, villäicht setzt och geschwënn eng Kéier de Grand Duc um Podcast-Mikro. D’Folgen sinn all Samschden op Youtube als Video ze fannen an ginn och all Méindeg op Spotify gesat.
Patrizia van der Weken ass lëtzebuerger Sprint-Pionéier - GËLLE FRO EP. 85
Debbie Kirsch steet fir Women Empowerment an Sustainable Fashion an stellt an dëser Episode seng Kleedermark Devï vir. Mat der Intentioun nohalteg Projeten ze plangen an ze ënnerstëtzen ass hat 2018 an Indien gereest fir mat Saheli Women zesummenzeschaffen. Saheli Women gëtt indesche Fraen, déi rejetéiert goufen aus hirer Societéit oder an enger niddreger Kast gebuer goufen, d'Méiglechkeet ze schafen. Debbie huet mat hinnen zesummen seng eege Kleedermark gegrënnt, déi op Sustainability baséiert an de Fraen d'Chance gëtt d'Kleedungsstécker och matzedesignen. Dem Debbie seng deeglech Motivatioun ass et ze wëssen, dass hat mat senger Brand op eng Aart a Weis déi indesch Kultur opbrëscht an de Fraen d'Méiglechkeet gëtt, an enger patriarchalescher Gesellschaft opzebléien. Déi dréi schwätzen awer net nëmmen iwwert dem Debbie säin Pop-Up Store (den iwwregens 6 Méint ophuet) mee och iwwer female entrepreneurship, fast fashion, den Afloss vu Sociale Media op eist Konsumverhaalen an villes méi! Debbie betount, wéi wichteg et ass, bewosst ze konsomméieren, am Moment ze liewen an sech op essentiell Saachen am Liewen zreckzegesënnen an och dass Räichtum net ëmmer de Montant um Kontestand bedeit. An dëser Episode ginn mer och e bëssen méi vum Tom a vum Philippe gewuer an hier Gedanken zu der Schnelllierwegkeet vun eiser Gesellschaft. Wéi oft en an enger Episode 'gäil' soen kann, stellt den Tom haut ënner Beweis – villäicht huet jo ee matgezielt.
4/26/2021 • 1 hour, 15 seconds
SCOTT KIRSCH ERKLÄERT EIS BITCOIN - GËLLE FRO EP. 9
Cryptocurrency? Säit der Coronakris huet sech de Wäert vu Bitcoin vervéierfacht. Keng aner Anlag huet sech sou attraktiv entwéckelt wéi de Bitcoin an doduerch wiisst och den Interessi un der Digitalwärung. Mee lount et sech dran ze investéieren an wat ass iwwerhaapt e Bitcoin? De Scott Kirsch – selwer ernannten Trading Lord – erkläert dem Tom an dem Philippe, wéi t’Welt vu Cryptocurrencies ausgesäit, wéini hien déi éischte Kéier dovun héieren huet, wéi hien sech alles selwer bäibruecht huet, wat en iwwert Bitcoins wësse muss. An der néier Episode vu ‘Gëlle Fro’ zielt de Scott vu privaten a professionellen Réckschléi a gëtt wichteg Rotschléi fir d'Liewen mat op den Wee.