Winamp Logo
Ceci, Do You Love Me? Cover
Ceci, Do You Love Me? Profile

Ceci, Do You Love Me?

Luxemburgisch, Social, 4 Jahreszeiten, 79 Episoden, 2 Tage, 7 Std., 13 Protokoll
Über
Lëtzebuerg ass eng Bubble, oder? A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi out of the Box denken an net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren. Dobausse gëtt et vill méi wéi dir denkt!
Episode Artwork

Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia

Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen. Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam. Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram . méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu. Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
7.10.202432 Protokoll, 6 Sekunden
Episode Artwork

#54 Jill Lallemang - GenZ vs Millenial

Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!
1.10.202449 Protokoll, 8 Sekunden
Episode Artwork

#53 Loïc Juchem - The Show must go on!

Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer.  An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat leeft hannert de Kulissen? Wéi bereet een sech fir eng Live-Show fir?  Wéi kënnt een dozou sou ee Job ze hunn? Gëtt et vill Konkurrenz an op wat muss een alles oppassen? Hues du eng Dramshow? A wat géings du maachen, wann’s du dee Job net häss? Dat a villes méi erzielt iech de Loïc an dëser Episode.Vill Spaass beim Lauschteren!  Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
16.6.202436 Protokoll, 35 Sekunden
Episode Artwork

#52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen.

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? - Gemengen: Süden vs. Norden - Humble bleiwen: Du muss ëmmer wëssen vu wou's de kënns - Street Credit: "Zu Lëtzebuerg huet keen wierklech Streetcredit, a wann dann war et seng eegen Entscheedung" - Glaawen: Op Gott, Astrologie, oder de Big Bang, de Glaawen spillt beim Saint Charles eng grouss Roll. Vill Spaass beim Lauschteren! Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Familljeministère. 12.-13. Juli - “Let's celebrate inclusion” Forum Geesseknäppchen https://allesnormal.lu --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
9.6.202441 Protokoll, 15 Sekunden
Episode Artwork

#51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation

Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur Grënnung war an ass nach ëmmer net einfach.  Mir schwätzen awer och iwwert déi capverdianesch Community zu Lëtzebuerg, ob hat et sech kéint virstellen an d'Politik ze goen, wéi schwéier et ass een Team ze féieren an wat, oder ween hat alles brauch fir alles kënne ëmzesetzen, ouni komplett ënner ze goen.  Merci fir d'Laanschtkommen!  Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: ⁠https://www.culture-forest.com/⁠ --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
14.5.202449 Protokoll, 47 Sekunden
Episode Artwork

#50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss

Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech?  Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer sou mal? - Bereis du dee Kënschtlernumm gewielt ze hunn? - Suchtverhalen - Wéi schwéier ass et opzehalen? - Whataboutism - Wéini huet et bei dir "klick" gemaach? - Wat ass däin Erfolgsfaktor mat Musek op lëtzebuergesch? - Teaser an dem Maale Gars säin LESCHTEN Album! - De Maale Gars mécht Schluss... Vill Spaass beim Lauschteren! <3 Déi heiten Episode gëtt ënnerstëtzt vum Culture-Forest Festival- Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: ⁠https://www.culture-forest.com/⁠ --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
28.4.202440 Protokoll, 20 Sekunden
Episode Artwork

#49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch

Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a wat een dogéint maache kann. ➡️ Mir brauche kee Konsens bei Iddien déi Haass verbreeden. An trotzdeem geschitt dat an der Chamber. ➡️ Wat mécht de CELL? Wéi funktionéieren si? ➡️ Optimismus am Aktivismus: Wéi mëss du dat fir keng Hoffnung fir d'Zukunft ze verléieren? ➡️ Wat ass Petrol Masculinity?  ➡️ Wat kann een alles maache fir ee méi nohaltegen Environnement opzebauen? ➡️ Feminismus, Klimaaktivismus, Antirassismus, Antifaschismus, ... ass alles Deel vum selwechte Kampf! Villmools Merci fir d'Lauschteren! Schreift gäre Feedback ënnert de Kommentarer, oder direkt op der Spotify App. Fir déi déi op aner Plattforme lauschtere roden ech iech un de Video op Youtube ze kucken. https://www.youtube.com/channel/UC3djRrr6mdarLe_V1plY3jw Déi heiten Episode gëtt ënnerstetzt vum Culture-forest Festival - Méi Infoe & Tickets dozou fannt der hei: https://www.culture-forest.com/ --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
14.4.202434 Protokoll, 37 Sekunden
Episode Artwork

#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
12.3.202438 Protokoll, 20 Sekunden
Episode Artwork

#47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?

Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de Wettbewerb mat sech bréngt, an iwwer de Drock, deen e verspiert.  Lauschtert eran and stay tuned for more!   --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
11.1.202434 Protokoll, 57 Sekunden
Episode Artwork

#46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!

An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀  Beisdes that, soll natierlech jiddereen eralauschteren, well mir schwätzen iwwert vill verschidden Themen, ënner anerem doriwwer, wéi et fréier (1999!) war als DJ unzefänken par Rapport zu Hautdesdaags. Wéi wichteg et him gewiescht wier seng Schoul fäerdeg gemaach ze hunn, wéi en als DJ iwwert Ronne kënnt a natierlech och wat sou d'Highlighte a senger Carrière waren. Mir schwätzen och driwwer, wat et bedeit ze diskutéieren an Akzeptanz ze weisen. Vill Spaass beim Lauschteren a mir gesinn eis nächst Joer!  --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message
10.12.202335 Protokoll, 49 Sekunden
Episode Artwork

#45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur

De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d’Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)🎟️WIN WIN WIN🎟️ Dir hutt och’Geleijenheet zwee Tickets fir d’Nuit des Musées ze gewannen! Méi Infoe fannt dir op Instagram @cecidoyoulove.me
10.10.202323 Protokoll, 51 Sekunden
Episode Artwork

#44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn d'Konsequenzen dovunner? 🌿 Wisou ass et bei den eelere Generatiounen sou verpöhnt? 🌿 Wat sinn d'Vir an Nodeeler vun der Consommatioun? 🌿 Wéi planzt ee säi Cannabis am beschten Doheem un? 🌿 Wat brauch een alles, wat sinn déi perfekt Konditiounen asw.?  Dat an nach vill méi gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren!  
17.9.202348 Protokoll, 42 Sekunden
Episode Artwork

#43 IREM - Female Support an der Musekszeen

Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u weibleche* Rolemodels an der lëtzebuergescher Musekszeen. Wourunner kéint dat leien? ➡️ Manner Confidence duerch Akne. Irem: "I feel you! Looss dech net vun Akne Doheem asperren." ... a villes méi. Vill Spaass beim Lauschteren! *jiddereen den sech als Fra identifizéiert
20.8.202330 Protokoll, 24 Sekunden
Episode Artwork

#42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse

An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn. D’Laura analyséiert a diskutéiert déi: Wat sinn déi déifgrënneg Ursaache vum Abus?  Wat geschitt am Kapp vum Täter an Affer? Wéi erkennt een potentiell Täteren? Ech krut vill Aussoen era geschéckt, mee et géing de Kader sprengen wann ech alles géing an eng Episode dramaachen. Ech hu mech also fir 3 spezifescher entscheet. Villmools Merci fir déi Leit déi oppe waren fir hier Geschichten ze deelen. Dir sidd staark! De Bewosstsinn vu Muechtmëssbrauch muss gestäerkt ginn, dofir ass mäin Zil mat dëser Episode d'Präventioun ze fërderen an net "victim blaming" ze bedreiwen. Sou Themen musse méi vun de Medien ugeschwat ginn a sollen op kee Fall rofgeschwat ginn.  Du bass Affer vu Gewalt ginn? Hei fënns du all d’Organisatiounen déi dir hëllefen kënnen: https://violence.lu/liste-des-contacts/ ________________ Prod. & Edit: Cecilia Said Vieira Camera & Sound: Yann Gengler & Shade Cumini @twostepstwicetwo Lights: Tierry Cumini Location: CID Fraen & Gender  Support: Ministère de la culture
23.7.202359 Protokoll, 36 Sekunden
Episode Artwork

#41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift

An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem Studio, oder Café, mee beim spadséiere am Gronn. D'Ambience ass also aanechters wéi soss :) Mir schwätzen ënner aanerem iwwert folgend Themen: - Wat ass alles geschitt seitdem mir eis eicht Episode opgeholl hunn? - Dem Jeremy seng Nonna erklärt him wat Léift ass - Fontana Di Lussemburgo - kënne mir eis iwwerhaapt eppes leechten? - Wisou ass dem Jeremy d'ARBED sou wichteg? - Generationsdiskussioun: Mir si méi fräi wéi eis Elteren - Wisou feiert de Jeremy keng Molerei? - LOVE: Wat ass the Key to the perfect Relationship? Mir verrooden ich et! Vill Spaass beim Lauschteren a gitt op seng Ausstellung.
4.7.202345 Protokoll, 49 Sekunden
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #6 Loris Meyer

Last but not least: An der leschter Episode vu 'Ceci, Do You Vote Me?' hu mir de Loris Meyer aus der Stad zu Gaascht. Hien erzielt eis wat en an der Stad ännere géing, wisou mir d'EU méi schätze sollen a wisou et sou wichteg ass sech z'engagéieren. Vill Spaass beim Lauschteren a vergiesst net Sonnden, den 11. Mee wielen ze goen. Kuckt iech d'Walprogrammer vun de Lëschten aus ärer Gemeng un, informéiert iech a wielt dat wat dir fir richteg haalt. __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
28.5.202311 Protokoll, 20 Sekunden
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #5 Yannick Iannelli

'Ceci, do you VOTE me?' - Fir Episode 5 vum Podcast fir d'#Gemengewalen ass de bekannte Content Creator Yannick Iannelli zu Gaascht - deen och zu Déifferdeng Kandidat fir d'Walen ass. Out now! __________________ Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=PKXvnV8hZ6k
21.5.202311 Protokoll, 1 Sekunde
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #4 Katrin Kohl

An dëser Episode vu Ceci, Do You Vote Me ass d'Katrin Kohl vun der Gemeng Dikrech zu Gaascht. Themen déi him wichteg sinn, sinn Inclusioun a Gerechtegkeet tëscht: Mann a Fra - Persoun ouni Behënnerung a mat - Auslänner a Lëtzebuerger. Lauschtert erann! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA
14.5.20238 Protokoll, 29 Sekunden
Episode Artwork

#40 Cloe von Van - Gamergirl vs Sexismus

An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an deene leschte Méint misst duerch maachen. E bedeitende Punkt schwätzt d'Claire och un: d'Wichtegkeet vu Selbstliebe. Iwwerzeegt iech selwer! Vill Spaass beim Lauschteren :) Villmools Merci un de Sponsor vun dëser Episode: CULTURE FOREST FESTIVALMAY 13, 2023 — PARK CLAIR-CHÊNE - ESCH-SUR-ALZETTE Tickets fannt der ënnert: https://www.culture-forest.com
6.5.202333 Protokoll, 43 Sekunden
Episode Artwork

Ceci, Do You VOTE Me? #3 Hugo Da Costa

'Ceci, do you VOTE me?' - Episode 3 mam jonken an engagéierten Hugo Da Costa aus der Gemeng Betzder, ass out now! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=ERMZcP43lLA    
30.4.202310 Protokoll, 35 Sekunden
Episode Artwork

Ceci Do You VOTE Me? #2 Jeffrey Drui

'Ceci, do you VOTE me?' - déi zweet Episode ass do! Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 2 ass de Finanzberoder a Gemengekandidat Jeffrey Drui zu Gaascht. Vill Spaass beim Lauschteren! Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei    
23.4.20238 Protokoll
Episode Artwork

Ceci, do you VOTE me? #1 Jana Degrott

Ceci, do you VOTE me? It's Collab time! Dëst Kéier gëtt et politesch. Am Kader vun de Gemengewalen, déi den 11. Juni stattfanne wäerten, hunn ech mech mat der demokratescher Partei zesummegesat fir puer vun hire jonke Kandidat:innen ënnert d'Lupp ze huelen. D'Zil: A kuerze Gespréicher probéieren ech rauszefannen, wéi jonk DP-Kandidate fir d'Gemengewalen drop sinn, wat hir Virléifte sinn & wéi gutt si sech an der Jugendkultur auskennen. Fir Episode 1 ass d'Aktivistin a Steeseler Gemengeconseillère Jana Degrott zu Gaascht.   Vill Spaass beim Lauschteren!   Video Versioun: https://www.youtube.com/@demokrateschpartei    
16.4.202310 Protokoll, 44 Sekunden
Episode Artwork

CECI PRESENTS: Sarah Bergdoll - Der Gesellschaft eppes zréckginn

D’Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d’Fondatioun leescht an wéi d’Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d’EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer. Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
22.12.202236 Protokoll, 34 Sekunden
Episode Artwork

Ceci - Wen?

Dat heiten ass meng Intro, déi an all Folg gespillt gett. Credits ginn raus un den Tun Tonnar, den dat ganzt agesongen an gemixt huet. Merci! 
8.1.202145 Sekunden